Virun allem misst d‘Gesamtleeschtung vun de Biobauere fir Waasser-a Klimaschutz, souwéi Biodiversitéit ugerechent ginn. Weider soll och de Konsum vu Bioproduiten ugekierpt ginn. Bio misst an der Landwirtschaft deemno dat neit Normal ginn. Dem Daniele Noesen vun der Vereenegung fir Biolandwirtschaft Lëtzebuerg no wier et wichteg, datt mat de Baueren zesumme geschafft gëtt an net vun uewen erof diktéiert gëtt.
"Wa mir wëlle Bauere motivéieren op Biolandwirtschaft ëmzeklammen, da mussen och d’Strukture vun der Lëtzebuerger Biolandwirtschaft an hir Vertriedungen an och de Fuerschungs- a Berodungssecteur sou ausgestatt ginn, datt eng kompetent Betreiung méiglech ass, an datt mir genuch Mataarbechter zu Verfügung hunn a käschtendeckend schaffe kennen."
Dem Daniela Noesen no hätt d’Vereenegung sech un Dänemark orientéiert fir ze wëssen, wéi vill Moyene missten an eng ambitionéiert Biolandwirtschaft hei am Land fléissen. Weider, esou d’Daniela Noesen, misst de lokale Biomarché sech weider entwéckelen. Wichteg wier et och, de Konsument opzeklären.
"Fir datt deen och weess, wisou Bioproduite vun hei Heem wichteg si fir eis Landwirtschaft. An och fir déi natierlech Ressourcë vun eisem Land. Fir datt Leit och verstinn, wisou et wichteg ass, datt si dat ënnerstëtzen."
Als Léisungspropose fir d’Fërderung vun der Biolandwirtschaft nennt d’Associatioun weider d’Reduktioun vun der Rëndsfleesch a Mëllechproduktioun oder nach d’Evitéiere vu chemesch-syntheeteschen Düngemëttel a Planzeschutzmëttel. D’Daniela Noesen hofft, datt déi nei Regierung d’Wichtegkeet vun de Biolandwirtschaft verënnerlecht.
"An hire Walprogrammer spillt Bio schonn eng Roll. Mir mussen him just nach de richtege Stellewäert ginn."