Radioen

On air

Spektrum  |  Zach Bryan - Sandpaper Feat. Bruce Springsteen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Observatoire fir Klimapolitik fuerdert ee Klimabeoptraagten

Klimapolitik

Observatoire fir Klimapolitik fuerdert ee Klimabeoptraagten

Mat 31 Recommandatioune riicht sech den Observatoire vun der Klimapolitik OPC un déi zukünfteg Regierung. An hirem Joresrapport gouf och mam Fanger op dat gewisen, wat déi lescht Regierung hätt kënne besser maachen. Eent ass awer kloer: Déi nächst fënnef Joer wäerten decisiv sinn.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: Jacques Ganser

Op d‘Effete vum Klimawandel a seng rasant Entwécklung bräicht een net méi hinzeweisen, sou de President vum Observatoire Andrew Ferrone. Vun den Temperatur Rekorder déi dëst Joer gefall si wiere souguer d‘Klimawëssenschaftler iwwerrascht gewiescht. Ëmsou méi misst déi nächst fënnef Joer eppes geschéien.

Et huet un Ambitioun a Koherenz gefeelt

Zanter 2021 erfëllt den Observatoire seng gesetzlech virgeschriwwen Aufgab: wëssenschaftlech Begleedung vun der Klimapolitik, Evaluatioun vun dem wat gemaach gëtt a Virschléi maachen, wéi een et ka besser maachen, esou den Andrew Ferrone.

"Eis huet et zum Deel un Ambitioun gefeelt, mee virun allem och u Koherenz. A mir hu fonnt, datt de PNEC nach ganz vill an de Siloen dran ass vun den eenzele Secteuren, an do si mir der Meenung, datt mir wierklech aus dem Silodenken eraus musse kommen. An dat ass och eppes, wat mir lo an dësem Rapport ganz staark ervir hiewen."

Ee Klimabeoptraagten, deen d'Koordinatioun iwwerhëlt

Fir déi ganz klimapolitesch Decisioune besser ze koordinéieren huet den Observatoire dann och ee präzise Virschlag fir déi nei Regierung.

"Dofir recommandéiere mir e Klimabeoptraagten en place ze setzen, deen ënnert dem Premier géif schaffen, deen lo natierlech net géif déi ganz Koordinatioun iwwerhuelen, mee wou et awer wichteg wier, datt een do ass, dee wierklech mat alle Ministèrë kuckt, gëtt dat effektiv och ëmgesat wat am Klimaschutz wichteg ass."

Aner Recommandatioune betreffen nieft der Gouvernance och d‘Mathuele vun de Leit bei noutwendege Changement a bessert Vermëttele vu wëssenschaftleche Fakten. Eng wichteg Roll kënnt dobäi och der Finanzplaz zou, der aktueller Nohaltegkeetsstrategie géif et u konkreten Aktioune feelen.

Wat déi zukünfteg Regierung ugeet, sou géif een déi a Saache Klimaschutz observéieren.

"Dat wäerte mir gutt am A behalen. Wéi gesot, mir si vum Klimagesetz en place gesat ginn, mir wäerten och dofir bleiwen a mir wäerten och do genau kucken, wéi déi nei Regierung sech elo opstellt."

An d‘Koalitiounsgespréicher gouf den Observatoire bis elo nach net invitéiert, mee wat net ass kéint jo nach kommen, sou den Andrew Ferrone.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Chamberwalen 2023
Ëmwelt