Radioen

On air

Spektrum  |  White Denim - It Might Get Dark

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mouvement Écologique a Greenpeace: Ëmwelt-Sujete bleiwe relevant

Reaktiounen op Walausgang

Mouvement Écologique a Greenpeace: Ëmwelt-Sujete bleiwe relevant

De Walausgang ännert näischt un der Situatioun um Terrain, seet d’Presidentin vum Mouvement Écologique Blanche Weber als Reaktioun op de Walausgang. Dat betount och de Greenpeace Direkter Raymon Aendekerk a féiert d’Walresultat dorop zréck, datt Klima-Sujeten nach net richteg beim Wieler ukomm sinn.

auto_stories

2 min

Klimaschutz | © Bigstock
Foto: Bigstock

“Et ass elo entscheedend ob eng DP an eng LSAP sech zu hiren Aussoen an hirem Walprogramm bekennt an op eng CSV do de Courant noleet.” Dat seet d‘Presidentin vum Mouvement Écologique an enger éischter Reaktioun op den Ausgang vun de Chamberwalen. Dee géing näischt un de Fakten um Terrain änneren a mat deene misst sech all Partei befaassen, betount d’Blanche Weber.

“Well do si mir fundamental iwwerzeegt, dass jo leider d‘Konsequenzen ëmmer méi spierbar wäerte gi fir eis alleguer. D'Klimaverännerunge schreide fort, d'Biodiversitéitskris kréie mer ëmmer méi ze spieren, a soufern kënnt keng Partei dolaanscht. D'Thematik ass méi à la une wéi jee an duerfir nach eng Kéier déi grouss Hoffnung, datt déi Parteien, déi dann elo an der Verantwortung sinn, deelweis zu hire Wieder stinn oder nach e Krack zou leeën."

Lauschterenplay_arrow

Greenpeace: Ëmweltsujete sinn net richteg beim Wieler ukomm

Den Direkter vu Greepeace Lëtzebuerg féiert d‘Walresultat zu engem Deel dorop zeréck datt déi aktuell Sujeten – Biodiversitéit, Klima an Energiepolitik - nach net richteg beim Wieler ukomm sinn. Dat wier bedenklech, fënnt de Raymond Aendekerk. Et wier een elo gespaant, ob déi nächst Regierung genuch Kreativitéit un de Dag bréngt fir déi aktuell Problemer ze léisen.

“A mir wäerte lo gesinn, ob dann eng Regierungspartei, CSV a wéi et dann eben ass mat de Liberalen oder Sozialisten, datt déi déi Iddie weiderbréngen, datt se do genuch geléiert hunn, wéi een och eng gréng Politik ka maachen an enger Koalitioun. An do wäerte mir op jidder Fall staark observéieren, datt do weiderhin eng Anti-nucleaire Politik gemaach gëtt, datt weiderhin eng nohalteg Finanzpolitik entwéckelt gëtt an och eng nohaltegt Landwirtschaft an esou weider."

Lauschterenplay_arrow

Och de Greenpeace Direkter ënnersträicht, datt des Dossieren nach ëmmer aktuell sinn an net vum Dësch gekiert kënne ginn.

Aktualitéit
Chamberwalen 2023
Ëmwelt