Radioen

On air

Spektrum  |  White Denim - It Might Get Dark

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Remboursement vun der Psychotherapie: "Et traue sech méi Leit ze kommen."

UM BOLS - LËTZEBUERG VIRUN DE CHAMBERWALEN

Remboursement vun der Psychotherapie: "Et traue sech méi Leit ze kommen."

Zanter dem 1. Februar gëtt d’Psychotherapie vun der Gesondheetskeess rembourséiert. No jorelaangen Diskussiounen tëschent der Federatioun vun de Psychotherapeuten an der Gesondheetskeess kréie Mineuren elo 100 Prozent an Erwuessener 70 Prozent pro Therapie-Seance zeréckbezuelt. Wat huet sech zanter dem Remboursement geännert?

auto_stories

9 min

headphones

7 min

Fapsylux | © Jo Diseviscourt play_arrow
Zanter dem 1. Februar gëtt d’Psychotherapie rembourséiert. (Photo: Jo Diseviscourt)

Einfach ass et net un d’Catherine Richard ze kommen. Zanter dem Remboursement kréich si gutt zéng Ufroen den Dag fir e Rendez-vous. Virum Remboursement wieren et der vläicht 2-3 den Dag gewiescht, erzielt déi jonk Psychotherapeutin, déi 2020 hiren eegene Cabinet mat fënnef anere Psychotherapeuten zu Bäreldeng opgemaach huet.

D’Zuel un Ufroe wier explodéiert. Dat hätt awer net nëmme mam Remboursement ze dinn. Och vun der Pandemie hätte vill Leit nach ëmmer Nowéien.

„Wierklech bei bal all Mënsch, deen elo bei mech kënnt, huet d’Pandemie iergendeppes verschlëmmert oder declenchéiert. An jo, lo mam Remboursement traue sech dann eben elo och méi Leit och ze kommen."

D'Catherine Richard ass Presidentin vun der Fapsylux. | © Jo Diseviscourt
D'Catherine Richard ass Presidentin vun der Fapsylux. (Foto: Jo Diseviscourt)

No laangen Diskussiounen e kuerze Prozess

Bis bei d'Remboursement war et ee laange Wee, erënnert sech d'Catherine Richard, déi zanter leschtem Joer och Presidentin vun der Fapsylux, der Federatioun vun de Psychotherapeuten ass.

D’Fapsylux war sech op direkt e puer Punkten net eens gi mat der CNS. Zum Beispill wat den Tarif vun enger Seance ugeet. No laangen Diskussiounen hat de Sozialminister Claude Haagen am Dezember zejoert kuerze Prozess gemaach an op eege Fauscht decidéiert e Montant an engem Reglement ze fixéieren.

Elo kascht eng Seance vu 50-60 Minutten de Patient ganz genee 151,29 Euro, wouvunner Erwuessener zanter Februar 70 Prozent vun der CNS erëmkréien. De Patient bezilt also um Enn 45 € aus der eegener Täsch. Déi Eegebedeelegung fënnt d’Catherine Richard wichteg.

„Therapie ass ustrengend. A wann d’Leit et eege bezuelen, wéi och elo, ech fannen dat och gutt, datt d’Leit 45 € bezuelen, wat awer iergendwéi och bëssen en Anreiz gëtt fir awer och wierklech matzeschaffen, d'Hausaufgaben ze maachen, sech un Ofmaachungen ze halen."

D'CNS rembourséiert elo 70 Prozent vun de Käschten. | © Jo Diseviscourt
D'CNS rembourséiert elo 70 Prozent vun de Käschten. (Foto: Jo Diseviscourt)

Vill Suen, déi musse virgestreckt ginn

Schwiereg fënnt si allerdéngs datt d’Leit, wéi och bei aner Dokter-Rendez-vousen, dee ganze Montant misste virstrecke bis si vun der Krankekeess rembourséiert ginn, fënnt déi selbststänneg Psychotherapeutin. Virun allem wann d’Leit eemol oder esouguer zweemol d’Woch eng Seance brauchen.

„Am Moment hunn ech dat mat enger Madamm, déi ass wierklech an der Kris, déi wëllt zweemol d’Woch kommen. Dat gëtt da wierklech ee gudde Batz, wat d’Leit da musse virstrecken. Dat ginn da 600-700 Euro de Mount. Dat muss ee sech och leeschte kënnen.“

Eng aner Patientin vun der Catherine Richard kënnt zanter bal véier Joer op Bäreldeng an d’Psychotherapie. Si huet sech bereet erkläert iwwer hir Behandlung ze schwätzen. Well si anonym wëllt bleiwen, hu mir d‘Gespréich nogestallt. Am Reportage nenne mir déi concernéiert Patientin Lisa.

Si hätt sech fir eng Verhalenstherapie bei der Catherine Richard entscheet, well si ënner Angschtstéierungen an Depressioune gelidden huet. No puer Méint hätt si dann och erausfonnt, datt si Kriibs huet. Do ass psychologesch Ënnerstëtzung nach méi wichteg fir si ginn.

Sechs Méint hätt et gedauert bis d'Therapie bei hir ugefaangen hätt ze wierken, erzielt d‘Patientin. Dat éischt Joer hätt si eemol d’Woch eng Seance gehat, dat zweet Joer nach eemol de Mount. Si hätt och kategoresch refuséiert Medikamenter ze huelen, well si net wollt ofhängeg dovu ginn.

„Wéi vill aner Leit, déi ech kennen. Si ware quasi gezwongen, dat ze maachen, well si sech eng psychologesch Ënnerstëtzung finanziell net leeschte konnten.“

D'Catherine Richard fënnt et schwiereg, datt Patienten de ganze Montant musse virstrecken. | © Jo Diseviscourt
D'Catherine Richard fënnt et schwiereg, datt Patienten de ganze Montant musse virstrecken. (Foto: Jo Diseviscourt)

Remboursement e grousse Virdeel

Alles an allem huet d'Lisa bis elo Ronn 9.500 Euro fir hir Behandlung aus der eegener Täsch bezuelt. Zanter 2022 wier si just nach bei d’Catherine Richard gaangen, wann et néideg war, erkläert si.

Wéi d‘Annonce koum, datt d’Psychotherapie géif vun der CNS rembourséiert ginn, huet si sech dozou entscheet nees méi reegelméisseg ee Rendez-vous ze huelen. Ouni déi finanziell Ënnerstëtzung vun der Krankekeess hätt si sech warscheinlech net dofir entscheet, seet si.

De Remboursement vun der Psychotherapie wier ouni Zweiwel ee grousse Virdeel an eng grouss Hëllef fir Patientinnen a Patienten, déi u psychesche Problemer leiden. Trotzdeem mengt si net, datt Leit a prekäre Liewenssituatioune sech eng Therapie erlabe kënnen, och wa 70 Prozent rembourséiert ginn.

Si rifft och d'Leit am Gesondheetssystem dozou op, hir Patienten op d'Wichtegkeet vun enger psychologescher Ënnerstëtzung hinzeweisen, nieft dem Traitement mat Medikamenter.

Duerch de Remboursement konnt d'Lisa rëm reegelméisseg an Therapie goen. | © Jo Diseviscourt
Duerch de Remboursement konnt d'Lisa rëm reegelméisseg an Therapie goen. (Foto: Jo Diseviscourt)

Et feelt u Flexibilitéit

Och der Catherine Richard falen nach eng Partie Saachen an, bei deene kéint nogebessert ginn. Si fënnt virun allem, datt déi zäitlech Opdeelung vun de Seancë méi flexibel misst sinn.

„Consultatioun, 10 Minutten oder 20 Minutten, da 40 bis 60 Minutten, esou eppes kéinte mir eis och virstellen. An, datt een eben och zweemol eng hallef Stonn kann ofrechnen, dat däerf een och zum Beispill net.“

Doriwwer eraus géifen Expositiounstherapië baussent dem Cabinet oder Videoconsultatiounen net vun der Gesondheetskeess iwwerholl ginn, bedauert d’Presidentin vun der Fapsylux. Weider stéiert si, datt bei sougenannten Angehörigen-Therapien ëmmer nëmmen eng Persoun rembourséiert gëtt. Dat wier zum Beispill e Problem an Therapien, wou Kanner mat hiren Elteren an d‘Therapie ginn.

„Also dat ass scho wichteg. Mir hu ganz vill systemesch Familljentherapeuten zu Lëtzebuerg, déi gesinn dann eng Famill, mee si rechne just eng Persoun dann of. Mee wann een eng Famill huet, da geet et och mat 50 Minutten net duer.“

Zu Lëtzebuerg gëtt vill systemesch Familljentherapie ugebueden. | © Jo Diseviscourt
Zu Lëtzebuerg gëtt vill systemesch Familljentherapie ugebueden. (Foto: Jo Diseviscourt)

E Manktem un Therapeuten

Alles an allem weist déi selbstänneg Psychotherapeutin sech awer zefridden, datt d’Psychotherapie zanter Februar vun der CNS unerkannt a rembourséiert gëtt. Doduerch wier och een Tabu gebrach ginn.

„Datt d’Leit sech dierfen traitéiere loossen. Mir sinn do nach ëmmer e bëssen an enger Transitiounsphas, wou awer nach ëmmer e bëssen tabuiséiert gëtt. Wou d’Leit sech oft net verstane spieren a sech eleng spiere mat hire Krankheeten.“

Eenzege Problem elo wier de Manktem u Psychotherapeuten zu Lëtzebuerg fir der Demande entgéintzekommen, gëtt d’Catherine Richard ze bedenken. Dofir mécht si den Opruff, datt Leit Psychologie studéiere soll goen.

„Et ass wierklech gebraucht. Ech weess nach wou ech Psycho ugefaangen hu mat studéieren, dat war 2007, do huet et geheescht: “Maach dat net, du fënns keng Plaz.” An elo brauche mer der.“

Aktuell ginn et ronn 400 Psychotherapeuten zu Lëtzebuerg.​

Lauschterenplay_arrow