Radioen

On air

Notturno  |  Actarus - Aikido

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fir d'éischte Kéier wielen

Um Bols

Fir d'éischte Kéier wielen

Vill Jonker ginn e Sonndeg fir d‘éischte Kéier wielen. Op enger Table ronde am Lycée Aline Mayrisch huet de Pierre Reyland véier Premièresschüler:innen, déi fir d‘éischte Kéier wiele ginn, begéint a mat hinnen iwwer hir Erwaardunge fir dës Chamberwale geschwat.

auto_stories

8 min

headphones

8 min

play_arrow

Lauschterenplay_arrow

Ronn 300 Schülerinnen a Schüler aus dem Lycée Aline Mayrisch ware komm fir déi drëtt vun am Ganze siwen Table-ronden, déi de Jugendrot a verschiddene Lycéeën uechter d’Land organiséiert. Am Ganze waren aacht jonk Politiker a Politikerinne vun all de Jugendparteien do.

Zwee Sujete stounge fir dës Table ronde um Programm: Nohaltegkeet respektiv Klimaschutz, an Educatioun. Virun allem de Sujet Klimaschutz louch de Schüler a Schülerinnen um Häerz, well en huet de gréissten Deel vun der Table ronde ausgemaach.

De Sall am Lycée Aline Mayrisch war gutt gefëllt. | © Pierre Reyland
De Sall am Lycée Aline Mayrisch war gutt gefëllt. (Photo: Pierre Reyland)

Wie wielen déi Jonk? 

No gutt annerhallwer Stonn war d’Table ronde dunn eriwwer. Déi meescht Schüler a Schülerinne sinn op de Bus gerannt, mee ech konnt e puer vun deenen, déi e Sonndeg fir d’éischt wiele ginn, nach erwëschen a hu si fir d’éischt emol gefrot, wéi hinnen déi Table ronde da gefall huet. D’Juliette, dat aktuell op enger Première ass, leet grouss Stécker op déi jonk Politiker. 

“Et huet mech gefreet ze gesinn, datt och jonk Politiker eng staark Meenung hunn an och wierklech weisen, datt si prett si sech anzesetzen. Ech hoffen och, datt ee puer vun deene Politiker an d’Chamber kommen, also ech géif mech wierklech freeën, wann esou jonk Leit eis representéiere kéinten.”

D'Juliette war scho bei de Gemengewalen am Juni wielen a freet sech elo, bei de Chamberwale kënne matzemaachen. Fir wie si wielt, wéisst si nach net ganz genee, mee si hätt schonn eng Iddi. “Éischter Mëtt-lénks ugehaucht.”

De Benedikt, och Premièresschüler, wousst d’lescht Woch scho ganz genee, wéi eng Partei gewielt muss ginn, fir "eis aktuell Welt esou ze erhalen".

"Meng Elteren hu mech do deelweis gutt influenzéiert, mee ech hu meng Recherche gemaach, an ech wielen déi gréng.”

D'Emma, eng aner Primanerin, ass sech nach net esou sécher wéi de Benedikt. Och fir si ass et déi éischte Kéier, datt si bei de Chamberwale matwiele kann. Bei eppes ass si sech awer scho sécher.

"Ech weess awer op alle Fall, datt ech Panachage wäert maachen, ech wëll mech net op eng Partei limitéieren, ech wëll meng Stëmme verdeelen, well ech Potential a méi Parteie gesinn, mee och mat Mëtt, mat engem Hauch vu lénks."

Méi wéi en Hauch vu lénks ass och dem Mathias säi Choix fir seng éischt Chamberwalen.

"Ech si mer sécher, ech wielen entweder déi Lénk oder d’LSAP, well ech fannen, datt mir vill méi sozialistesch an och fir Aarbechter mussen eng Regierung hunn, wou mir manner musse schaffen, ech fanne 40 Stonne pro Woch, dat ass vill ze vill, wann een dann nach Kanner huet, oder Hobbyen, da kritt een dat wierklech net méi ënnerbruecht, an dofir fannen ech, datt mir vill méi eng sozial Regierung mussen hunn, wou och sozial schwaache Leit gehollef gëtt.”

Aacht Vertrieder vun de Jugendparteien hunn Deel geholl. | © Pierre Reyland
Aacht Vertrieder vun de Jugendparteien hunn Deel geholl. (Photo: Pierre Reyland)

Wat sinn déi wichteg Theemen?

D’Aarbecht ass fir Mathias dann och dee wichtegsten Theema bei dëse Walen. Fir d'Juliette ass dee wichtegste Walsujet d’Gerechtegkeet.

“Ech kann elo net soen, ob Logement oder Klima mir am wichtegsten ass, mee Gerechtegkeet tëschent Mann a Fra, tëschent Räichen an Aarmen, an och awer par Rapport zum Klima.”

Ass hir opgefall, froen ech d’Premières-Schülerin, datt d’Gesellschaft zu Lëtzebuerg ongerecht ass, oder méi ongerecht gouf? 

“Et ass éischter den Androck, datt et immens vill Leit ginn, déi immens privilegiéiert sinn, an deen aneren Aspekt vum Liewen net gesinn. An heiansdo kritt een dann awer esou bësse mat, wann ee mat de Botzfrae schwätzt, wat mir hei gemaach hunn.”

Fir de Benedikt ass de Klimaschutz dat wichtegst Waltheema. Wann een net géing oppassen, da wier dee ganzen anere Rescht net méi wichteg.

“Et ass “once in a lifetime”, an et ass onfair vis a vis den zukünftege Generatiounen, wa mir de Planéit an deem heiten Zoustand hinnen iwwerginn. Dofir muss vill gemaach ginn, fir datt déi nächst Generatiounen och esou liewe kënnen, wéi mir et aktuell hunn.”

D'Emma schwätzt dann nach en Theema un, iwwer deen am Walkampf vill diskutéiert gouf: de Logement. Grad als jonke Mënsch hätt ee wierklech Angscht, datt ee sech spéider näischt méi kafe kéint.

“Wann een elo kuckt, wéi vill Startkapital ee brauch fir e Prêt bei der Bank ze froen an d’vergläicht een dat mat de Logementspräisser, dann denkt ee sech, ech wäert mäi Liewe laang nëmme kënne lounen, an da sinn d’Loyeren och mega deier, dofir ass dat fir mech e mega wichtegt Theema."

Wéi wichteg si jonk Leit an der Politik?

A wéi wichteg ass den Alter vun de Kandidaten a Kandidatinnen? Den Titel vun der Table ronde hei war jo “Jonk wielt - Wielt Jonk!”. Wielen déi Jonk da gären, oder am Léiftsten, Jonker? D'Juliette mengt, datt dat net onbedéngt de Fall ass. Mee déi jonk Leit wieren eventuell méi enthusiastesch. Och de Mathias ass där Meenung. Fir hien ass et wichteg, datt d’Politik méi divers gëtt, an datt Leit aus alle Richtunge vertruede sinn. Et kéim op d’Mëschung un: jonk Leit a Politiker mat Erfarung. Esou kéint all Generatioun vertruede sinn.

Vun engem generelle Mësstrauen an d’Politik spiert ee bei de véier jonke Wielerinnen a Wieler, déi ech am Lycée Aline Mayrisch begéint hunn, net vill. Mee et kann een net ignoréieren, datt eng gewësse Frustratioun bei jonke Leit do ass, an datt déi Frustratioun nëmme wiisst, seet d'Juliette.

Et wier gutt, datt et eng Walflicht zu Lëtzebuerg gëtt. Mee och wann et net obligatoresch wier, seet d'Emma, géif hatt op jiddwer Fall wiele goen. Et wier ee Privileeg. Ausserdeem wier et schonn esou, datt een de Politiker a Politikerinnen net ëmmer kann trauen, seet de Mathias.

“Dofir ass et och wichteg, datt mir als jonk Leit och selwer politesch aktiv ginn, selwer an d’Politik ginn, selwer Politiker ginn.”

An deenen, déi dat maachen, misst een och vläicht heiansdo Merci soen, mengt nach de Benedikt. Hie selwer wéilt et nämlech net maachen.

D'Schüler a Schülerinnen hunn intresséiert nogelauschtert. | © Pierre Relyand
D'Schüler a Schülerinnen hunn intresséiert nogelauschtert. (Photo: Pierre Relyand)

Wie regéiert nom 8. Oktober?          

A wien nom 8. Oktober fir eis suerge wäert, ass da meng lescht Fro un de Mathias, d’Emma, de Benedikt an d’Juliette aus dem Lycée Aline Mayrisch. De Mathias hofft op wéineg Changement.

“Also ech mengen, an ech hoffen och e bëssen, datt d’Regierung esou bleift, wéi se ass. Ech mengen awer, de Premier, dat bleift de Bettel.”

Där Meenung ass och d'Juliette.

“Ech mengen och, datt de Xavier Bettel erëm Premierminister wäert ginn. An ech mengen awer och, datt elo DP, LSAP an déi gréng an der Regierung wäerte sinn. Ech hoffen nëmmen net, datt déi gréng ze geschwächt ginn, well ech mengen, dee Risiko besteet. Perséinlech hoffen ech, datt dat esou bleift, well ech gesinn elo keng aner Partei an där Koalitioun, wou ech méi glécklech kéint sinn.”

Och de Benedikt tippt op Gambia 3.

“Mam Här Bettel als Premier Minister. Ech menge Lëtzebuerg ass nach net prett fir eng post-Bettel-Ära - nach net.”

D'Emma traut der CSV eventuell nei Sëtzer zou.

“Also ech mengen an ech hoffen och, datt déi Dräierkoalitioun bleift. Ech ka mir awer och virstellen, datt deemno wéi d’CSV een, zwee Sëtz nach bäi géif kréien a vläicht doduerch och an d’Regierung géif kommen.”