Muer um Samschden ass et zwee Joer hir, datt Russland an d‘Ukrain amarschéiert ass. De Krich ass och an de Nopeschlänner nach ëmmer iwwerall present. Natierlech am meeschte bei deenen, déi aus der Ukrain dohi geflücht sinn.
Een neit Liewen ze organiséieren ass net einfach. Dat betrëfft och d‘Kanner, déi a Länner mussen an d‘Schoul goen, wou se d‘Sprooch d‘éischt léiere mussen.

A Polen si méi ewéi d‘Hallschent vun de Kanner, déi aus der Ukrain koumen, net an de nationale Schoulsystem integréiert. Vill Eltere schécken hir Kanner a Paralell-Systemer, déi dacks vun ukrainescher Säit organiséiert ginn. Och an der Hoffnung, datt si geschwënn nees heem kënne goen. De Reportage vun eisem Polen-Korrespondent Adrien Sarlat.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.