Radioen

On air

Notturno  |  Meernaa - Better Part

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ USA kloe chineesesch Fentanyl-Produzenten un

USA - China

USA kloe chineesesch Fentanyl-Produzenten un

Den amerikanesche Justizministère huet eng Plainte géint aacht Produzenten a Mataarbechter a China gemaach well si déi déidlech Drog an d‘USA importéiert hunn.

auto_stories

1 min

D‘Entreprisen a China kréien ënner anerem Verbriechen an Zesummenhang mat der Produktioun an der Vente vun der syntheetescher Drog. Den US-Finanzministère huet och Sanktioune géint 13 Persounen an 12 Betriber a China an a Kanada verhaangen.

Déi syntheetesch Drog Fentanyl ass ronn 50-mol méi staark wéi Heroin an huet an den USA zu engem massiven Drogeproblem geféiert. Fentanyl ass, dem Justizministère no déi heefegst Doudesursaach vu Mënschen tëscht 18 an 49 Joen. Ursprénglech ass Fentanyl e staarkt Schmäerzmëttel.