Den JD Vance huet virum Publikum zu Budapest en Opruff gemaach, sech géint d‘Bürokraten zu Bréissel ze wieren. Och den US-President Donald Trump war iwwer Telefon bäigeschalt an huet de Viktor Orban gelueft.
De Viktor Orban ass zënter 2010 un der Muecht, mee seng riets-populistesch Fidesz Partei louch an de leschte Sondagen däitlech hanner der Oppositioun.
Meenungsfuerscher ginn iwwerdeems dovun aus, datt den Optrëtt vum JD Vance kee groussen Effekt op d'Resultat vun de Wale wäert hunn.