Radioen

On air

Notturno  |  The Düsseldorf Düsterboys - Ab Und Zu

play_arrow Live
search

/ UNO Weltsécherheetsrot fuerdert urgent humanitär Feierpausen

No-Ost-Konflikt

UNO Weltsécherheetsrot fuerdert urgent humanitär Feierpausen

Den UNO Weltsécherheetsrot fuerdert deeglaang urgent humanitär Feierpausen vun der israeelescher Arméi, dat nodeem si Positioune vun der Hamas an der Gazasträif ugegraff hunn.

auto_stories

1 min

D’USA hunn haut beim Vott vun der Resolutioun kee Veto ageluecht, och Russland a Groussbritannien hu sech zréckgehalen. Israel huet awer direkt schonn ofgewénkt, dat ëmmer nach mam Verweis op d‘Geiselen, déi vun der Hamas festgehale ginn.

D’Membere mussen sech un d’Resolutioune vum Weltsécherheetsrot halen. Anescht kënne Sanktioune verhaange ginn. Dozou géif et awer kaum kommen, et géif an deem Fall wuel um Veto vun den USA scheiteren.