Eng UNO-Agence hätt elo confirméiert, datt ee vun hire Mataarbechter am Gazasträif duerch ee „Sprengsaz“ gestuerwe wier. Dat mellt déi franséisch Presseagence. Virdru goung Rieds vun engem Doudegen a fënnef Blesséierten. Israel huet een Ugrëff op een UNO-Gebai dementéiert.
Israel huet an der Nuecht op en Dënschdeg fir d'éischte Kéier zënter der Waffepaus vu ronn sechs Wochen erëm verstäerkt Ziler am Gazasträif bombardéiert.