Op der offizieller Aarbechtsvisitt zu Lëtzebuerg war den Haaptsujet de Krich géint d’Ukrain. Besonnesch d’Kooperatioun tëschent den europäesche Länner, an domat och Lëtzebuerg, stoung am Fokus.
Den Ulf Kristersson betount, datt d’Situatioun an der Ukrain d’Zukunft vun der Sécherheet an Europa wäert decidéieren. Grondsätzlech hätt een déi selwecht Meenungen iwwert d’Aktualitéit, déi vun den Entwécklungen an der Ukrain dominéiert gëtt. Dozou géifen och d’Gespréicher tëschent dem Donald Trump an dem Wolodymyr Selenskij zielen. Wéi dëse Krich op en Enn geet, géif d’Sécherheetssituatioun an Europa fir déi follgend Generatiounen definéieren, esou de schweedesche Premier.