Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Bombay Bicycle Club - Turn The World On

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Géigekandidat vum Erdogan festgeholl

Tierkei

Géigekandidat vum Erdogan festgeholl

Nëmme 4 Deeg, ier hie Presidentschaftskandidat vun der gréisster Oppositiounspartei sollt ginn, ass de Buergermeeschter vun Istanbul, den Ekrem Imamoglu, um Mëttwochmoie festgeholl ginn. D'tierkesch Justiz geheit dem Politiker vun der sozialdemokratescher Partei CHP Strofdoten am Zesummenhank mat Terrorismus an organiséierter Kriminalitéit vir.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Konkret geet et ënner anerem ëm Korruptioun an ëm d'Ënnerstëtzung vun der verbuedener kurdescher Aarbechterpartei PKK. Am Volet Korruptioun gouf d'Interpellatioun vun 99 Leit ordonéiert. Siwe weider Persoune sinn iwwerdeems wéinst presuméiertem Support vun der PKK festgeholl ginn.

Grouss Gefor fir dem Erdogan säin Amt

Den Ekrem Imamoglu hätt dem President Recep Tayyip Erdogan bei de Presidentewale vun 2028 ganz geféierlech kënne ginn.

E Sonnde sollt hien zum Kandidat vu senger Partei fir déi Wale ginn. Bis dohi gëllt, Zoufall oder net, en Demonstratiouns- a Versammlungsverbuet an eng Norichtespär, déi de Gouverneur vun der Provënz Istanbul dekretéiert huet.

2019 war den Ekrem Imamoglu mat Gedäisch op d'politesch Bühn an der Tierkei komm. Deemools hat hien d'AK-Partei vum Recep Tayyip Erdogan nämlech no 25 Joer Dominatioun zu Istanbul geklappt. Virzejoert konnt de Buergermeeschter vun Istanbul schonn net bei de Presidentschaftswalen untrieden, Hie war am Virfeld dovun zu enger Prisongsstrof verurteelt ginn, géint déi hien Appell gemaach hat.

Als Buergermeeschter zur politescher Zilscheif ginn 

Zejoert war hien dunn “haut la main” als Gemengepapp vun der Stad op den zwee Kontinenter erëmgewielt ginn, wat hien zur politescher Zilscheif gemaach hat. Gëschter um Dënschdeg war dem 53 Joer ale Politiker säin Unisdiplom ewell annuléiert ginn. Der tierkescher Verfassung no riskéiert dat schonn, eng Kandidatur bei Presidentiellen ze verhënneren.

Partei schwätzt vu Coup géint den nächste President 

Seng Partei huet um Mëttwochmoie vun engem Coup géint den nächste President vun der Tierkei geschwat. Den Ekrem Imamoglu selwer hat den Autoritéiten an der Vergaangenheet e puermol Harcèlement virgeworf.

No der Interpellatioun konnten d'sozial Medien an der Tierkei nëmme limitéiert benotzt ginn. D'tierkesch Lira an d'tierkesch Bourse sinn no der Nouvelle géintiwwer dem Dollar an der Clôture vu gëschter an de Keller gerutscht.

Lauschterenplay_arrow