/ Den Donald Trump géing verschidden NATO-Memberlänner net viru Russland schützen
US-Walkampf
Den Donald Trump géing verschidden NATO-Memberlänner net viru Russland schützen
Am US-amerikanesche Walkampf fir d’Primaire bei de Republikaner huet den Donald Trump annoncéiert, datt sollt hie President ginn, da géif hien déi NATO-Memberlänner net méi viru Russland schützen, déi hire Bäitrag zu den Defense-Ausgaben net bezuelt hätten. Dat sot hien am Bundesstaat South Carolina.
Den Trump huet och Drock gemaach op republikanesch Gewielter am Kongress fir weider Finanz- a Militärhëllefen un d’Ukrain ze stoppen.
D’Wäisst Haus huet direkt reagéiert. Den US-President Joe Biden huet iwwer eng Matdeelung erkläert, datt et komplett verréckt wier, Ugrëffer vun engem mäerderesche Regime ze encouragéieren an NATO-Alliéierter ze attackéieren. Dat géif déi national Sécherheet an den USA grad ewéi déi global Stabilitéit a Gefor bréngen.