Radioen

On air

Spektrum  |  Liam Benzvi - Other Guys (feat. Blood Orange)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ US-Ausseminister Antony Blinken annoncéiert weider Hëllefe fir d'Ukrain

Militär

US-Ausseminister Antony Blinken annoncéiert weider Hëllefe fir d'Ukrain

Den US-Ausseminister Antony Blinken huet zu Kiew eng nei militäresch Hëllef vun 2 Milliarden US-Dollar fir d‘Ukrain annoncéiert. D‘Sue solle fir d‘Verdeedegung vun der Ukrain, virop géint déi russesch Offensiv am Nord-Oste vum Land, genotzt ginn.

auto_stories

1 min

Antony Blinken | © picture alliance/dpa | Sina Schuldt
US-Ausseminister Antony Blinken (Foto: archiv)

Den Antony Blinken sot weider, datt d‘Ukrain misst decidéieren ob se de russeschen Territoire wéilt ugräifen oder net. 

Den ukrainesche President Wolodimir Selensky huet iwwerdeems all seng geplangten Deplacementer, déi nächst Deeg, annuléiert. Dat huet säi Porte-parole matgedeelt. De Selensky sollt, ënner anerem, dës Woch a Spuenien an a Portugal op offizieller Visitt sinn. Déi Visitte goufen ofgesot, wéinst der neier russescher Offensiv am Norde vun der Ukrain. 

Duerch déi nei Offensiv, déi d‘lescht Woch lancéiert gouf, gëtt elo déi zweet gréisste Stad an der Ukrain, Kharkiv, viséiert. All Dag gi vun do nei russesch Attacke gemellt. Déi ukrainesch Arméi huet annoncéiert, datt ukrainesch Truppen sech aus verschiddenen Zonen an der Regioun hätte missten zréckzéien. 

D‘Situatioun wier kritesch, eng 7.000 Ziviliste wieren evakuéiert ginn. Vu Kiew gouf elo matgedeelt, datt Renfort an déi Géigend geschéckt gëtt.