Radioen

On air

Spektrum  |  Pearl & The Oysters - Side Quest

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Russland reagéiert op eventuell Participatioun um Friddenssommet

Krich an der Ukrain

Russland reagéiert op eventuell Participatioun um Friddenssommet

Et wéilt ee fir d‘éischt verstoen, ëm wat et bei dësem Friddenssommet soll goen, sou huet Moskau haut op d‘Ukënnegung vum ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj reagéiert, deen och Russland un esou enger Konferenz aluede wëll.

auto_stories

1 min

Kreml | © Flickr
Foto: Flickr

Mëtt Juni war eng éischt Konferenz an der Schwäiz. Do war Russland awer net invitéiert. De Selenskyj hat ugekënnegt am November nach eemol eng Konferenz zesummen ze ruffen. Do soll e Plang fir e gerechte Fridden ausgeschafft ginn.

Russland besetzt momentan nach ëmmer eng 20 Prozent vum ukraineschen Territoire. E Friddensaccord ass aktuell net a Siicht.