Radioen

On air

Spektrum  |  The Script - Both Ways

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Selenskyj wëllt russesch Vertrieder op een zweete Friddenssommet invitéieren

Krich an der Ukrain

Selenskyj wëllt russesch Vertrieder op een zweete Friddenssommet invitéieren

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj sot, hie wéilt och russesch Vertrieder op en zweete Friddenssommet invitéieren. Dee Sommet soll viraussiichtlech am November sinn. Op den éischte Friddenssommet am Juni an der Schwäiz war Russland net invitéiert ginn. 

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Kay Nietfeld
Foto: picture alliance/dpa | Kay Nietfeld

Den ukrainesche President hat rezent e Friddensplang proposéiert. D'Ukrain fuerdert, datt Russland seng Truppe komplett aus der Ukrain zeréckzitt. Moskau seet, dat wier realitéitsfriem an huet als Konditioun fir Verhandlunge bis elo gefuerdert, datt d'Ukrain Territoiren u Russland ofgëtt, wat Kiew refuséiert.