Radioen

On air

Spektrum  |  Pearl & The Oysters - Side Quest

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ NATO-Sommet: Ofschlossdeklaratioun soll ënnerschriwwe ginn - Erdogan fäert ee Worst-Case-Zenario

Washington

NATO-Sommet: Ofschlossdeklaratioun soll ënnerschriwwe ginn - Erdogan fäert ee Worst-Case-Zenario

Leschten Dag haut vum NATO-Sommet zu Washington, wou den Owend eiser Zäit d‘Ofschlossdeklaratioun soll ënnerschriwwe ginn. Den tierkesche President Erdogan fäert iwwerdeems, datt et méiglecherweis zu enger Konfrontatioun tëschent der NATO a Russland léint kommen.

auto_stories

1 min

NATO Sommet 2024 | © NATO
Foto: NATO

Déi 32 NATO-Memberlänner hunn an der amerikanescher Haaptstad – och a Presenz vum ukrainesche President Selenskyj - decidéiert, hir militäresch Hëllef an Ënnerstëtzung fir d‘Ukrain weider auszebauen an deemno geschlosse géint Russland do ze stoen.

Den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan huet de Mëtteg gesot, datt hie ganz besuergt wier, datt et kéint op eng direkt Konfrontatioun tëscht der NATO a Russland erauslafen. 

Déi däitsch Regierung an d‘Wäisst Haus hate gëschter annoncéiert, datt 2026 déi éischte Kéier zënter dem Kale Krich rëm amerikanesch Waffesystemer an Däitschland sollte stationéiert ginn, déi Ziler a Russland kéinten erreechen.

Och a Polë soll e Loftofwiersystem stoe kommen.