Radioen

On air

Simon Says  |  Wanda - Bologna

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Doudeger a Blesséierter bei russeschem Loftugrëff op Kiew

Bilan klemmt op 20 Doudeger

Doudeger a Blesséierter bei russeschem Loftugrëff op Kiew

An der Ukrain sinn de Moien eng 40 russesch Rakéiten op Kiew an op aner Stied geschoss ginn. Dat huet den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj matgedeelt. Eleng an der Haaptstad géifen et op d‘mannst 10 Doudeger an ëm déi 30 Blesséierter ginn.

auto_stories

1 min

Foto: X

Dës Zuelen huet de Buergermeeschter vu Kiew Vitali Klitschko annoncéiert. Insgesamt géingen et op d'mannst 20 Doudeger an 30 Blesséierter ginn, esou den Inneministère.

Et wiere Stécker vun de Rakéiten, déi ofgewiert gi sinn, erofgefall. Et wieren Haiser getraff ginn, Infrastrukturen an och eng Kannerklinik. Iwwer Kiew ass schwaarzen Damp ze gesinn.

Déi lescht massiv Attack op Kiew war den 12. Juni.

An der Regioun Charkiw wieren och 5 Zivilisten ëm d‘Liewe komm, wéi si mat hirem Auto op eng russesch Minn gefuer sinn. Dat mellt déi ukrainesch Arméi. D‘Minn wier op engem Feldwee placéiert gewiescht, dee bei e Kierfecht féiert. Ënnert den Affer wier e klenge Jong vu 5 Joer an ee Puppelche vun 3 Méint.