Radioen

On air

Spektrum  |  Pearl & The Oysters - Side Quest

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ried virum Kongress: Benjamin Netanjahu verteidegt de Krich an der Gazasträif

Krich am Gaza

Ried virum Kongress: Benjamin Netanjahu verteidegt de Krich an der Gazasträif

Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet an enger Ried virum amerikanesche Kongress de Krich an der Gazasträif verdeedegt. Virum Kapitol an an de Stroossen zu Washington hunn Dausende Leit géint de Krich a géint déi israeelesch Regierung protestéiert.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / NurPhoto | Allison Bailey

Kritik um Netanjahu gouf et vu Familljemembere vun de Geiselen, déi d‘Hamas an der Gazasträif festhält. Dat, well den israeelesche Premier a senger Ried net, wéi si gehofft haten, eng nei Wafferou an d‘Liberatioun vun de Geiselen an Aussiicht gestallt huet. 

Der Police no wieren och fënnef Demonstranten an de Kapitol era komm a festgeholl ginn.