Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Lady Gaga - Garden Of Eden

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trimesteren oder Semesteren am Lycée?

Educatioun

Trimesteren oder Semesteren am Lycée?

Heiansdo entsteet eppes aus der Nout eraus a bleift dann awer erhalen. Esou ass et plazeweis mat de Semesteren an de Schoule gaangen. Wärend dem Corona-Lockdown hunn d’Schoule vun Trimesteren op Semestere gewiesselt, well dat an där Situatioun méi einfach war.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

Klassesall | © Bigstock play_arrow
Klassesall (Foto: Bigstock)

Haut, 5 Joer dono, hu ronn d‘Hallschent vun den Lycéeën dëse Modell bäibehalen. An haut mécht weder de Modell vun den Trimesteren nach Semesteren d’Unanimitéit.

Am Mäerz 2020 wosst een net, wéi laang d’Schoulen zou géife bleiwen, erënnert sech den Raoul Scholtes, President vun der Proffegewerkschaft FEDUSE-CGFP. Dofir hätt een deemools Semesteren agefouert. D'Iddi wier gewiescht, fir vun 3 Prüfungsmomenter erof op 2 ze goen.

Iddi: Manner Prüfungsphase mam Semester-Modell

De sprangende Punkt fir d‘Schüler haut bleiwen d'Prüfungsmomenter. An den Haaptfächer hu si bis zu 4 Prüfungen - entweder pro Trimester oder pro Semester. Déi eng fannen et besser, méi e groussen Ecart tëscht de Prüfungsphasen ze hunn, och wann dat bedeit, datt si da méi fir eng Prüfung léiere mussen.

"Mee dofir géif ech soen, do hues de méi Zäit fir ze léieren, well s de halt méi Plaz tëscht den Prüfungen hues. Also wa se och gutt verdeelt sinn, wann s de Proffen hues, déi alleguerten d'Prüfungen an de gläichen dräi Woche maachen, da bréngt et net vill. Mee dofir fannen ech perséinlech Semester scho besser. Et ass wierklech, dass manner gestresst, mee d'Proffe kënnen eis méi ze léiere ginn."

Déi aner hu léiwer de Modell vum Trimester: Dat bedeit zwar méi Prüfungen, dofir awer och méi Geleeënheeten.

D'Elterevertriedung plädéiert fir den Trimester-Modell

Och den Alain Massen, President vun der nationaler Elterevertriedung, schwätzt sech fir den Modell vun den Trimesteren aus. Virun allem wéinst Fächer, an deene manner dacks Prüfunge gemaach ginn, hätt een am Trimester-System nach méi Méiglechkeeten, sech erëm ze huelen, nodeems een eng schlecht Prüfung geschriwwen huet.

Beim Modell vum Trimester hätten d’Schüler an och d’Elteren zousätzlech e besseren Iwwerbléck iwwer déi schoulesch Leeschtungen am Joer, sou den President vun der Elterevertriedung. An d’Schüler kéinte besser ofschalten.

"Chrëschtdag, Ouschteren, dann huet een do Vakanz. Da kann ee soen: 'Voilà, ech hunn elo een Trimester ofgeschloss, ech kréien elo meng Notten an ech kann emol zwou Wochen och entspanen'."

D’Primäreschoule fonctionéiere landeswäit nom Modell vun den Trimesteren. Am Secondaire hänkt et vum Gebai of. Woubäi et och Lycéeë ginn, déi béid Modeller hunn. Datt d’Lycéeën den Choix hunn, begréisst den Alain Massen vun der Elterevertriedung.

Fräiwëllege System huet Vir- an Nodeeler

De Raoul Scholtes vun der FEDUSE gesäit och kee Besoin, een uniforme System fir dat ganzt Land anzeféieren. Momentan géif d'Hallschent vun de Gebaier mat Trimesteren, deen anere mat Semestere fonctionnéieren. Am Fall vu Geschwëster, déi an ënnerschiddleche Systemer sinn, kéint dëst zu Schwieregkeeten an der Fräizäitkoordinatioun féiert, fannen och Schülerinne vum Campus um Lampertsbierg.

An domat bleift d’Conclusioun: Den optionale Modell huet fir déi eng Virdeeler, a fir déi aner Nodeeler.

Fir eventuelle Schwieregkeeten aus dem Wee ze goen, kann ee sech op den Internetsitte vun den Lycéen, respektiv op hire Porte-Ouverten informéieren, no wéinegem Modell d’Gebai funktionéiert. An dann am Viraus iwwerleeën, wéi ee Modell besser passt.

Lauschterenplay_arrow