Radioen

On air

Spektrum  |  Dives - Be Fine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trendsetter an der Schoul

Fräie Mikro

Trendsetter an der Schoul

An de Lycéeë gëtt haut gelieft, wat muer normal gëtt. Inklusioun, Gender oder KI, di Jonk an och hier Enseignanten entwéckele séier nei Coden a Verhalensweisen. Wee vu bausse kënnt an dat net weess, gesäit séier al aus, seet am Fräie Mikro d’Judith Reicherzer, fréier Journalistin, a Responsabel fir mediepedagogesch Projeten am Lycée Aline Mayrisch.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Bei der Ried an engem Lëtzebuerger Lycée trëtt den neie Minister an d’Fettnäpfchen. Hie schwätzt vu Schüler mee net vu Schülerinnen. De Public: Jonker, Proffen a Direktiounen aus dem ganze Land, si sinn all irritéiert. Ween haut an enger Schoul d’Meedercher vergësst, lieft kloer an enger anerer Welt. De Sujet Gender ass villäicht e politeschen Opreeger, an eise Lycéeën ass en einfach nëmmen normal.

Schoule si Keimzelle fir gesellschaftlech Entwécklungen. Sozial oder politesch Sujeten, iwwer déi Erwuessener just diskutéieren, ginn am Mikrokosmos Schoul längst live getest. D’Charlotte op der 5e spiert sech als Jong a wëllt Tom genannt ginn... kee Problem. An der Klass gëtt dat kuerz thematiséiert an d’Proffen ergänzen de Sëtzplang, fäerdeg.

Eng Toleranz, déi bei Erwuessene gesicht gëtt

Diversitéit ass normal. An enger Lëtzebuerger Klass sinn haut een Dys, zeg Allergiker, ee Mëssbrauchsaffer, e puer Neier, déi de System net gutt kennen an e puer Kanner ouni Extras zesummen. D’Enseignante struewele, fir dem Mix gerecht ze ginn, mee déi Jonk liewe ganz normal mateneen. Mobbing ass e Riese Sujet. Kanner gi wuel schikanéiert, mee net wéinst Dyslexie.

Vill Jonk liewen eng Toleranz, déi ee bei Erwuessenen dacks sicht. Et schmaacht een de glutefräien Dessert, organiséiert keng Klassefriess am Ramadan an et schwätzt een oppen iwwer Depressiounen an Ängschten. No dem COVID ass dat leider och normal.

Jonker dierfe provozéieren

Schoule sinn e geschützter Liewensraum. Déi Jonk dierfe sech fräi entwéckelen an nei Iddien testen, a si dierfen domadder och provozéieren. Ween als Erwuessenen do net um Qui-vive ass, ka séier apaken. Beispill ChatGTP: De Programm war nach keng Woch public, do hunn déi éischt Kanner hir Hausaufgaben domadder gemaach. An d’Proffen hu misse séier reagéieren, soss si se ausgetrickst ginn. Entretemps fänken d’Klassen u mat KI ze schaffen, nach ouni offizielle Programm. Déi éischt Konzepter entstinn am Terrain, wéi sou dacks, national Reegele kommen no.

Op Trends reagéieren

Net all Trend ass top. Och domm oder radikal Iddie wuessen an de Schoulen, a missen do gebremst ginn. D’Enseignante setzen e Kader, ginn Explikatiounen a Reegelen. Si reagéiere ferm op Neonazi-Trends a brutal Tiktok-Challengen. Sexismus ass en no Go.

An Handysucht ass e grousse Sujet. Keen huet dofir eng Patentléisung, mee et deet sech eppes um Terrain. Déi éischt Schülerkommitee fuerderen en handyfräien Chillberaich an op de Porte-ouverte sinn d’Bibliothéiken de neie Place to see. Eis Kanner léiere séier.

An eise Schoule wuessen nei Generatioune mat neien Iddien. An vill Enseignantë wuesse mat. Ween dat net gesäit, riskéiert al auszegesinn. Net just beim Genderen.

Lauschterenplay_arrow