Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Fantastic Negrito - The Duffler

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Staark duerch Konscht

Fräie Mikro

Staark duerch Konscht

Wéi ka Konscht dozou bäidroen, kranke Mënschen ze hëllefen? Nei Approchë mat Kënschtler a Muséeë weisen iwwerraschend Resultater. Awer och eis Kanner profitéiere vun enger fréier Beschäftegung mat Konscht. Eng Analys vun der Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow
D'Simone Beck ass Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun.

An engem Interview, deen de Kulturminister Eric Thill leschte Freideg dem Lëtzebuerger Wort ginn huet, ënnersträicht hien den Impakt, dee Beschäftegung mat Konscht op déi physesch a psychesch Gesondheet kann hunn. Am Ausland ginn et eng ganz Rei Initiativen, déi kranke Kanner oder Erwuessener am Spidol oder doheem hëllefen.

Op Kriibsstatiounen a verschiddene franséische Spideeler kréien d’Patienten d’Méiglechkeet, sech direkt mat Konscht ausernanerzesetzen, an deem si entweder mat Kënschtler schaffen, déi bei si kommen oder sech aus der Arthothéik vun der Klinik kënne Biller a Gedichter fir hiert Zëmmer aussichen. An dat op Ordonnance vun den Dokteren. Eng Patientin sot: “Wéi ech mech an dat Bild verdéift hunn, hat ech net méi wéi“. Fir Patienten, déi mobil sinn, gëtt et an de Muséeën Offeren, déi op hiren Zoustand ausgeriicht sinn. 

Den Afloss vu Konscht op d‘Gehier

Natierlech behaapt keen, Konscht kéint onheelbar Krankheete verschwannen dunn. Datt se awer hëlleft, ass wëssenschaftlech bewisen. Fir den Neurolog Pierre Lemarquis ass d’”Neuroscience de l’art” eng Evidenz. Wa mir e Konschtwierk kucken oder lauschteren, dat eis gefält, sekretéiert eist Gehier verschidden Hormonen, wéi z. B. Dopamin, deen de Parkinson-Patiente feelt oder Serotonin, deen anti-depressiv Wierkungen huet. Konschttherapien erlaben, Stress an Angscht ofzebauen, an domat och déi dorop bezunne Medikatioun. Alzeimer-Patiente fannen Deeler vun hirer Erënnerung a Konschtwierker erëm, mat deene si sech beschäftegt hunn, well - esou de Pierre Lemarquis a sengem Buch “L’art qui guérit la mémoire“ schreift - Biller erlaben, Erënnerunge festzehalen.

Konscht stäerkt d’Kanner

Dofir ass es wichteg, datt mir d’Sprooche vun der Konscht vu Kand u léieren, an zwar (och) an der Schoul, fir datt jidder Kand an de Genoss dovu kënnt, och wa säin Elterenhaus et net onbedéngt erlaabt. Leschte Februar gouf op enger wichteger UNESCO-Konferenz zu Abu Dhabi eng Kaderkonventioun fir méi Integratioun vu Konscht a Kultur am normale Schoulprogramm an d’Liewe geruff. An dat fir de Kanner Instrumenter ze ginn, fir e bessert Versteesdemech fir aner Kulturen an aner Ausdrocksformen. Beschäftegung mat Konscht schäerft hire Bléck a mécht hire Kapp op. Doduerch léiere si kucken, lauschteren a verstoen, wat an Zäite vun Intoleranz, Gewalt, Fake News an ersatzlose Verloscht vu Wäerter nëmmen nëtzlech ka sinn. 

Kanner an Erwuessener sinn haut groussen Erausfuerderungen ausgesat, esouwuel gesondheetlech wéi mental. An dofir ass eng fréi Beschäftegung mat Konscht esou wichteg. Schonn de Plato wousst: “Le premier bien est la santé, le deuxième la beauté.”

Lauschterenplay_arrow