Radioen

On air

19:00  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi grouss Offer fir sozioedukativ Beruffer

Educatioun

Méi grouss Offer fir sozioedukativ Beruffer

Et solle méi Educatricen an Educateure forméiert ginn. Dowéinst soll elo och am Süden, am Lycée Belval, eng nei Offer fir d'Formatioun entstoen. Vun der Rentrée am September u soll d'Formatioun och op Franséisch ugebuede ginn. 

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: radio 100,7

Grond dofir wier déi ëmmer méi grouss Demande no Educatricen an Educateuren an eiser Gesellschaft, seet den Educatiounsminister Claude Meisch. De Personalschlëssel an de Bildungs- a Betreiungsstrukture sollt ugepasst ginn. 

Am Gebai "Terre rouge" um Belval

Bis ewell gëtt et den "Educateurslycée" zu Miersch, den LTPES, an d'Ecole nationale pour adultes, déi d'Formatioun fir Educateur/Educatrice ubidden. Geplangt ass elo, datt de Lycée Belval en neie Site fir d'Formatioun an de sozioedukative Beräicher soll kréien. De Claude Meisch huet ugekënnegt, datt d'Raimlechkeeten am Gebai "Terre rouge" um Belval amenagéiert wäerte ginn. 

"Mee awer och fir aner Klasse vum Lycée Belval. Fir datt déi Klassen, déi eigentlech beienee passen, eben och d’SO-Sektioun an d’Educateursausbildung, datt dat ganz flott beieneen am Gebai Terre rouge ka geschéien."

Formatioun och op Franséisch 

An déi selwecht Raimlechkeete sollen och an d’Ecole nationale pour adultes kommen. Déi bitt schonn zanter 2015 beruffsbegleedend Educateursformatiounen un. D’selwecht wéi de Lycée Belval soll vun der Rentrée 2025 un d’Formatioun och op Franséisch gehale ginn. Doduerch, datt d'Formatioun bis ewell just op Däitsch ugebuede gëtt, géif een eng ganz Rei Jonker ausschléissen, seet de Claude Meisch. 

"A mir brauchen och herno, an deene jeeweilege Beruffer, Jonker, déi frankofon sinn, déi natierlech awer och aner Sprooche geléiert hunn."

LTPES soll ausgebaut ginn

Doriwwer eraus soll den LTPES zu Miersch weider ausgebaut ginn. Zejoert haten iwwer 250 Schülerinnen a Schüler hir Ausbildung zu Miersch ugefaangen. Bei deenen Zuele wier d'Schoul u seng Limitte koum, sot d'Direktesch Claudine Muller. All Raimlechkeete wiere besat an d'Kapazitéite wiere bis op e Maximum genotzt.

Momentan géif eng Analys lafen, wéi méi Plaz um Site zu Miersch kéint geschaf ginn. Fir d'Claudine Muller wier dat begréissenswäert, et géifen awer nach Gespréicher mam Ministère ausstoen. Si hofft, datt kuerz- oder mëttelfristeg d'Ausbildung vun den Educatricen an Educateuren a grousser Form zu Miersch oder an der Ëmgéigen, kéint ausgebaut ginn. 

 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Edukatioun
Politik a Gesellschaft