Radioen

On air

Resonanzen  |  Emmanuel Chabrier - Suite Pastorale, I. Idylle - Detroit Symphony Orchestra, Paul Paray (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Handyverbuet fir Kanner?

Educatioun

Handyverbuet fir Kanner?

Vu wéini un dierfen - oder sollen - Kanner een Handy oder een Tablet an de Grapp kréien? A Frankräich huet eng Kommissioun vun Experten elo streng Recommandatiounen erausginn. Do gëtt lo och een entspriechend Gesetz geplangt. Lëtzebuerg awer wëll bis op Weideres net op dee Wee vu Verbueter goen, seet de Claude Meisch.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

Digital Native | ©  John Schnobrich / Unsplash play_arrow
Foto: John Schnobrich / Unsplash

Dat franséischt Dokument vun den Experten heescht “A la recherche du temps perdu”. Sozial Plattforme géingen all méiglech Strategien entwéckelen, fir jonk Utilisateuren esou laang wéi méiglech virum Ecran ze halen. Déi ginn ofhängeg a verléieren hir Zäit a Fräiheet virum Ecran, heescht et am Rapport.

Et wier net wichteg fir d’Entwécklung vum Kand, virum Alter vu sechs Joer iwwerhaapt virun engem Ecran ze setzen, soen déi franséisch Experten. Kanner solle bis si 11 Joer al sinn, keen eegenen Handy hunn. Dono bis 13 Joer just een ouni Internet.

Claude Meisch: D'Eltere mat responsabiliséieren

Zu Lëtzebuerg hat den Educatiounsministère 2020 eng Campagne lancéiert. Deemools wieren änlech Conclusioune gezu ginn, sou den Educatiounsminister Claude Meisch. 

"Genau déi Conclusiounen, déi och elo déi franséisch Kommissioun gezunn huet, fir bis een Alter vun dräi, véier Joer  eigentlech guer kee Kontakt mat engem Ecran ze hunn. Dono nëmmen ënner Opsiicht, an dann dono och ze kucken, wat fir eng Contenuen da wierklech och do consultéiert ginn."

Eigentlech sollten d'Elteren esou mat responsabiliséiert ginn, mengt de Claude Meisch. "Datt d'Elteren och wëssen, wat d'Kanner mat deenen Outilen maachen, an och Garantien hunn, datt se gewësse Saachen eeben net kënne maachen."

"Kee Besoin" fir änlecht Gesetz zu Lëtzebuerg

Mee och wann een d’Analys deelt, ass de Claude Meisch skeptesch wat konkret Gesetzer mat Verbueter ugeet.

"Ech gesinn hei kee Besoin. Ech gesinn e Besoin weiderhin, wat d'Schoulen zu Lëtzebuerg ubelaangt. Do wäerte mir eng Rei vu Recommandatiounen nach eng Kéier ausschaffen, déi mir awer och mat alle Partner wëllen zesummen diskutéieren: De Schouldirektiounen, de Schülercomitéen, den Elteren, awer och de Gewerkschaften."

Dëst wier alles fir ze kucken, ob een net awer eenzel Aspekter méi kloer misst reegelen.

Frankräich: Instagram, TikTok a Co. réischt vu 15 Joer un

De franséische President Emmanuel Macron huet sech fir eng europäesch Approche ausgeschwat wat Reegelen an den Ëmgank mat sozialen Netzwierker ugeet. Och déi franséisch Familljeministerin Sarah El Hairy huet dës Woch zu Bréissel nach eng Kéier ënnerstrach, datt een dat Theema a Frankräich ganz eescht hëlt. 

"Nous souhaitons aussi porter, ce que nous avons fait dans notre droit français, en tout cas poser le débat sur la majorité numérique à 15 ans, pour protéger nos enfants."

Bei där "majorité numérique" geet et drëm, den Zougank fir op Facebook, Instagram oder TikTok eréischt vu 15 Joer un ze erlaben. Ausser et läit een Accord vun op d'mannst engem Elterendeel vir.

Sou einfach geet et wuel net

Och hei ass de Lëtzebuerg Minister zeréckhalend.

"Ech denken, datt ee sech dat dee Moment soll iwwerleeën. Sécherlech ass et do net ganz kloer, fir dofir oder dogéint ze sinn, mee et kënnt drop un, wéi een et ka maachen. A fir mech ass et awer och wichteg, datt wa mir Gesetzer hunn, da musse se och kënnen ëmgesat ginn."

A wa sech net dru gehale gëtt, da misst een och sanktionnéiere kënnen, esou nach de Minister. Gesetzlech Mesurë wieren an deem Beräich awer schwéier ze kontrolléieren, mengt de Claude Meisch.

Fir Verbueter ëmzesetzen misst de Gebuertsdatum beim Akaf vun engem Handy systematesch deklaréiert ginn, sou d’Propos vun de Franséischen Experten.

Déi franséisch Regierung krut ee Mount Zäit vum President Emmanuel Macron, fir Mesuren ze proposéieren. Deen Delai leeft den 1. Juni of. 

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Aktualitéit
Edukatioun
Europa
Politik a Gesellschaft