Radioen

On air

Resonanzen  |  William Alwyn - Serenade, IV. Finale - Royal Liverpool Philharmonic Orchestra, David Lloyd-Jones (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Science Center: Strukturell Dysfonctionnementer musse gekläert ginn

Al Konventioun ass ausgelaf

Science Center: Strukturell Dysfonctionnementer musse gekläert ginn

Beim “Luxembourg Science Center” hätten et eng “ganz Rei vu strukturellen Dysfonctionnementer” ginn: dat stellt de gréngen Deputéierte Meris Sehovic fest, no der Lecture vum KPMG-Audit iwwert den Endeckungszenter zu Déifferdeng.

auto_stories

2 min

Science Center | © Wikimedia Commons
Foto: Wikimedia Commons

Dowéinst géife sech grondsätzlech Froe stellen, zu den iwwer 20 Milliounen Euro staatleche Suen, déi schonn an dësen Zenter gefloss sinn.

Ëmmer erëm hätt et beim Science Center eng Iwwerfacturatioun ginn, stellt och den LSAP-Deputéierte Franz Fayot fest. 

"De Rapport vu KPMG seet ganz kloer, datt hei an deenen dräi Facturen - déi zwar net bezuelt gi sinn - déi och contestéiert sinn, mee datt do ganz kloer Indizie sinn, datt iwwerfacturéiert ginn ass..."

Den Dossier läit elo och beim Parquet

D'Rechnunge wieren och net gutt dokumentéiert, sou de Franz Fayot. Dofir géif sech och fir vergaange Prestatiounen d'Fro no enger méiglecher Iwwerfacturatioun stellen. "Kann de Lëtzebuerger Staat do nach eventuell Suen zréck froen", freet de Franz Fayot?

Den Educatiounsminister Claude Meisch huet an der Sitzung vun der Kommissioun iwwerdeems annoncéiert, datt de Ministère den Dossier un de Parquet viru ginn huet.

De Franz Fayotplay_arrow

Den ADR-Deputéierte Fred Keup rechent domat, datt et zwou Affäre wäerte ginn: eng fir d’Geriicht, a wa Saache schif gelaf sinn, och eng politesch Affär fir de Minister Claude Meisch.

Den Educatiounsministère fuerdert, datt all d'Conditiounen agehale ginn

De Verwaltungsrot vum Science Center huet sech virum Weekend awer majoritär zu de Konditioune vum Educatiounsministère bekannt. An engem schrëftleche Statement schwätzt de Ministère vun engem wichtege Schrëtt. Elo misst de Science Center déi Konditiounen awer och anhalen.

Eréischt wann all d'Konditioune formell ëmgesat sinn, kéint et zu enger neier Konventioun mam Staat kommen. De Ministère fuerdert ënner anerem, datt d'Interessekonflikter ronderëm de Grënner Nicolas Didier behuewe ginn. Et gëtt Zäitdrock, well déi al Konventioun ass de leschte Mëttwoch ausgelaf.

Aktualitéit
Edukatioun