Radioen

On air

Spektrum  |  CRX - Mean To Be Cold

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Well d'Schoul een "Intérêt général" ass: Ëmstridde Petitioun ass recevabel

LGBT-Theemen an der Schoul

Well d'Schoul een "Intérêt général" ass: Ëmstridde Petitioun ass recevabel

D‘Petitioun, déi fuerdert, datt an der Schoul keng Inhalter solle behandelt ginn, déi e Bezuch zu LGBT-Theemen hunn, ass konform mam Petitouns-Reglement an deemno recevabel. Dat seet d‘Vizepresidentin vun der Petitiounskommissioun an der Chamber, d'Corinne Cahen, op Nofro hin.

auto_stories

2 min

Klassesall | © Bigstock
Foto: Bigstock

Dem Petitionär no sollten d’Eltere selwer kënnen entscheeden, ob hir Kanner sech an der Schoul mat där Thematik befaassen oder net. D‘Petitioun krut bannent nëmmen dräi Deeg genuch Stëmme fir an der Chamber debattéiert ze ginn.

Corinne Cahen: Envergure war net virauszegesinn

Eng Petitioun ass recevabel, wa se vu generellem Interessi ass. An d‘Schoul wier d‘intérêt général, esou d‘Corinne Cahen.

"Ob dat elo homophob ass oder net, ech ka ganz, ganz, ganz gutt verstoen, dass Leit, déi, laang gekämpft hunn, fir iwwerhaapt däerfen dee gären ze hunn, dee se gäre wëllen hunn, elo extreem schockéiert sinn. Ech sinn et och, mee déi Petitioun ass awer net à l'encontre vum Reglement gaangen an dofir hu mir se dunn ugeholl."

Natierlech wéisst een de Moment net, wann eeneng Petitioun unhëlt, wéi eng Envergure se géing kréien, betount d'Corinne Cahen.

"Dat hätt kënne sinn, dass se wéineg Ënnerschrëft kritt hätt, an et hätt kee Mënsch dovunner geschwat."

Si wier awer trotzdeem geschockt, datt dës Petitioun innerhalb vun dräi Deeg de Seuil erreecht hätt, esou nach d'Corinne Cahen. 

D‘ASBL Rosa Lëtzebuerg weist sech hirersäits entsat iwwer d‘Petitioun. An hiren Ae géif se dat queert Liewen onsiichtbar wëlle maachen. An dat géing dozou bäidroen, datt queer Mënsche weider mat Virurteeler an Diskriminéierung konfrontéiert wären, esou nach Rosa Lëtzebuerg.

D‘ASBL setzt sech fir d‘Rechter an Interessi vun LGBTIQ+ Persounen an. 

Aktualitéit
Edukatioun
Politik a Gesellschaft