Radioen

On air

Notturno  |  Julien Gasc, Forever Pavot, Chassol - Léger Léger

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rekter Jens Kreisel: D'Uni.lu wäert weider wuessen

Héichschoul

Rekter Jens Kreisel: D'Uni.lu wäert weider wuessen

1.500 Studenten a Studentinnen hu bei der Rentrée d’lescht Woch nei op der Uni Lëtzebuerg ugefaangen. Eng Zuel déi all Joer tëscht 5 an 10 Prozent klëmmt. Och fir d‘Zukunft rechent de Rekter domat, datt d‘Zuelen op der Uni.lu weider wäerte wuessen.

auto_stories

2 min

headphones

12 min

© Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Lauschterenplay_arrow

Fir de Jens Kreisel steet d’Panoplie un neie Studiegäng hannert där Hausse. Nei sinn dëst Joer beispillsweis de Master an der ëffentlecher an digitaler Geschicht, deen an Europa eenzegaarteg ass. Um Haaptcampus um Belval wier nach Plaz fir nei Studenten opzehuelen. Um Campus um Kierchbierg géif ee sech nei opstellen an de Campus um Lampertsbierg soll laangfristeg zougemaach ginn.

Vill Intressi fir d'Medezinnstudium

Et hätt ee Plaz fir eng 8.000 Studentinnen a Studenten, betount de Rekter vun der Uni. Den Ament wieren der 6.300 ageschriwwen. Dovun 3.000 a Bachelorstudiegäng an 2.000 a Masterstudiegäng. Et wieren eng 1.000 Doktoranten a Doktorantinnen ageschriwwen.  

„Das fluktuiert dann ein bisschen. Und, was viele nicht wissen, wir haben zusätzlich auch 1.000 Zertifikate für die Weiterbildung."

Gutt besicht ass de Medezinstudium. Dee gëtt aktuell just am Bachelor ugebueden, do soll awer och e Masterstudiegang geschaf ginn. De Jens Kreisel geet dovun aus, datt dee Cours fréistens 2026 eng éischte Kéier wäert kënnen ugebuede ginn. Am Bachelor an der Medezin gëtt dëst Joer deen éischte Studiegang fäerdeg.

Aktualitéit
Edukatioun
Politik a Gesellschaft