Radioen

On air

Notturno  |  Colleen - Implosion-Explosion

play_arrow Live
search

/ Tréier: 22 Leit gi bei Feier an engem Zenter fir Asyldemandeure blesséiert

Container hu gebrannt

Tréier: 22 Leit gi bei Feier an engem Zenter fir Asyldemandeure blesséiert

Gëschter Mëtteg huet et zu Treier an engem Zenter fir Asyldemandeure gebrannt. 22 Leit goufen dobäi blesséiert.

auto_stories

1 min

D‘Feier hat an engem Wunncontainer ugefaangen an huet sech séier op weider Container ausgebreet, huet den SWR gemellt. Am ganze waren 20 Wunn-, a véier Sanitärcontainer betraff. Déi Container si komplett ausgebrannt an net méi bewunnbar. 80 Leit mussen op anere Plazen ënnerbruecht ginn.