Konkret geet et ëm e Gesetzesprojet, dee virgesäit d’Ouvertureszäiten an der Woch vu Méindes bis Donneschdes ëm eng Stonn ze verlängeren – also kéinten d’Geschäfter dann am Plaz bis aacht Auer owes bis néng Auer owes op sinn.
"Géife mer déi Aarbechtszäite reduzéieren, géife mer Aarbechtsplaze verléieren"
Eng Mesure, déi op Kritik stéisst, well d’Personal aus de Geschäfter dorënner géif leiden. Enger Etude vun der ILRES no, ware ronn 48 Prozent dogéint.
Fir den Tom Baumert ass dat awer keng Argumentatioun. Hie seet méi laang Ouvertureszäite géifen d’Kompetitivitéit vun der Aarbechtsplazsécherung ënnerstëtzen.
“An erëm, ech mengen och do, wat méi laang Ëffnungszäiten do sinn, wat méi Aarbechtsplazen do sinn. Dat ass einfach esou, am Commerce mussen d'Plagë besat ginn. Dat heescht, géife mer déi Zäite reduzéieren? Géifen Aarbechtsplaze verschwannen? An dat ass och eng sozial Fro. Déi Leit hätten dann einfach keng Aarbecht. An ech mengen, dat soll een awer och mol, dat soll een net ënnerschätzen. Mir maachen zu Lëtzebuerg ëmmer sou, wéi wann d'Aarbechtsplazen esou aus der, iergendwou entstinn. An dat ass eeben an der Realitéit net de Fall. Géife mer déi Aarbechtszäite reduzéieren, géife mer Aarbechtsplaze verléieren.”
D’Geschäfter missten da kucke wéi eng Auerzäite fir hiren Domaine rentabel sinn, an d’Auerzäiten deementspriechend upassen.
Lauschtert de ganzen Interview mam Tom Baumert