Et goufe keng Incidente gemellt. D’Gewerkschafte sinn deemno och zefridden iwwer d’Mobiliséierung vun de Lei.t déi méi héich war, ewéi erwaart.
Haaptkritik un der Regierung war de Manktem u Sozialdialog
De Sozialdialog an d’Tripartite wieren an der Vergaangenheet net ëmmer einfach gewiescht, mee hätten déi lescht Joerzéngt virdrun ëmmer funktionéiert, esou d’Gewerkschaftler an hire Rieden. Haut awer géif d’Regieurng vum Premier Luc Frieden eng antisozial Politik féieren, kritiséiert den LCGB-President Patrick Dury.
"Et geet eis domadder duer, et geet eis elo Déckechen duer mat där ganzer neoliberaler, antisozialer an antigewerkschaftlecher Politik, ënner dem Deckmeldelche vun der Modernitéit."
Virun allem bei der Pensiounsreform, mee och bei de Kollektivverträg, a bei der Sonndesaarbecht kritiséieren d’Gewerkschaften d’Approche vun der Regierung, esou d'Nora Back vum OGBL.
"Well eng Regierung, déi der Meenung ass, dass d'Leit an dësem Land einfach liddreg sinn an net wëlle schaffen, dass 40 Joer haart Aarbecht um Chantier, an der Crèche, an der Fabrik, am Spidol, an der Keess, am Guichet, hanner engem Büro, dass dat alles net duergeet, déi grad och elo déi Jonk dozou wëll verdamen, fënnef zousätzlech Joer vun hirem Liewenszäit engem Patron ze schenken, déi Regierung, déi huet entweeder guer näischt verstanen, oder awer si verfollegt geziilt d'Agenda a vun deenen, déi Zäit wëllen ëm 150 Joer zeréckdréinen."
Theema Rentereform
De Patrick Dury huet der Regierung och virgeworf, se wéilt d’Gesellschaft an zwee splécken, ewéi an der Fro vun der Rentereform.
"D'Stoussrichtung an de Pensiounen heescht am Kloertext, datt jonk Leit an der Zukunft de facto wäerte 45 Joer musse schaffen. Eng fundamental Ongerechtegkeet, déi déi jonk Generatiounen eesäiteg belaascht, an dat ouni datt eise Pensiounssystem och nëmmen een Dibbelche méi sécher gëtt."
Et wier een op d’Strooss gaange fir d’Aarbechtsrecht, d’Aarbechtskonditiounen an d’Aarbechtszäiten ze verteidegen.
OGBL an LCGB berode sech wat d'Invitatioun vum Premier ugeet
An den nächsten Deeg wäerten d’Spëtzte vum OGBL an dem LCGB zesummen diskutéieren, wéi se op d’Invitatioun vum Premier Luc Frieden fir de 9. Juli wäerte reagéieren.
Déi Manifestatioun allefalls wier den éischte Schratt. Kréien d’Gewerkschafte keng Satisfaktioun, da géif ee wieder Aktioune plangen. E Generalstreik wier net auszeschléissen.