arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méigleche Retour an de CPTE: Positioun vu Gewerkschafte bleift onverännert

Aarbecht a Soziales

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Méigleche Retour an de CPTE: Positioun vu Gewerkschafte bleift onverännert

Den Aarbechtsminister Georges Mischo huet gëschter um Mëttwoch annoncéiert, datt hien d'Gewerkschaften an d'Patronat virum Enn vum Joer wéilt am Comité permanent du travail et de l'emploi, kuerz CPTE, gesinn, fir iwwer d'Reegele vun der Plattformaarbecht ze diskutéieren.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Morgane Weidig
(Foto: Morgane Weidig)

D'Gewerkschaften haten awer am September gesot, wéinst dem Echec vum Sozialdialog op nationalem Plang bis op Weideres net méi an de CPTE ze goen, a si bleiwen och bei där Ausso.

Bréif un de Premier: Zwou verschidden Interpretatiounen

Et gläicht "scho bal u Fiesheet", e CPTE zum Theema Plattformaarbecht anzeberuffen, zu engem Zäitpunkt, wou d'Gewerkschaften ugekënnegt hunn, net méi Deel vun deem Comité ze sinn, huet de lénken Deputéierte Marc Baum dem Minister gëschter an der zoustänneger Chamberkommissioun virgeheit.

Virun allem well d’Plattformaarbecht e Sujet wier, deen de Gewerkschaften immens wichteg wier, esou de Marc Baum. Den CSV-Minister Georges Mischo war domat net d'accord.

"D'Gewerkschaften hunn an hirem Bréif, dee si dem Premierminister geschriwwen hunn, sech drop bezunn, datt si net méi géifen an de CPTE komme mam Theema Organisation du travail. Dat heescht net, datt si bei aneren Theemaen net géife kommen. Also dat hunn ech elo mol aus deem Bréif esou erausgelies."

Nora Back: "Et geet net ëm de Sujet, et geet ëm d'Form"

D'OGBL-Presidentin Nora Back seet op eis Nofro hin awer, datt d'Unioun vun de Gewerkschafte bis op Weideres a kee CPTE méi wëllt goen.

"Mir musse soen, datt den Här Mischo eis dann awer falsch verstanen huet an deem Bréif, dee mir gemaach hunn an der Unioun vun OGBL an LCGB un de Premierminister an un de Georges Mischo, wou mir gesot hunn: 'Nee, mir wëllen allgemeng elo net an e Comité permanent du travail et de l'emploi goen'. An et geet net ëm de Sujet, et geet ëm d'Form vum Sozialdialog, déi dës Regierung gewielt huet."

Mee d'Dier fir zeréck an de CPTE wier net ganz zou, esou d'Nora Back.

"Mir wëllen zeréck zum Modell a mir ginn an den CPTE, soubal dës Regierung seet, e CPTE ass dat, wat en ëmmer war, an eng Tripartite ass dat, wat se ëmmer war, an do gëtt nëmmen um Enn vum Dag decidéiert, wa mir en Accord hunn zu dräi."

An der Chamberkommissioun gëschter huet den Aarbechtsminister Georges Mischo gesot, et wier säin iewescht Zil am CPTE Accorden ze fannen, mee et géif awer keng gesetzlech Obligatioun dofir ginn.

D'Nora Back mécht awer kloer: Bis op Weideres wäerten d'Gespréicher zur Plattformaarbecht just bilateral lafen.

play_arrow Lauschteren