arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Detailer zum Steierabattement

Pensiounsdossier

|
headphones

1 min

Nei Detailer zum Steierabattement

De geplangten neie Steierabattement fir Leit, déi kéinten an d’Pensioun goen, awer fräiwëlleg weider schaffen, soll bei 9.000 Euro pro Joer leien, respektiv bei 750 Euro de Mount. Dat ass een neien Detail aus de Pläng fir de Reformpak zum Pensiounssystem.

headphones

1 min

Luc Frieden, Xavier Bettel a Marc Spautz bei der Chamberkommissioun no der Sozialronn | © Chambre des Députés
Luc Frieden, Xavier Bettel a Marc Spautz bei der Chamberkommissioun no der Sozialronn (Foto: Chambre des Députés)

Eng Rei Regierungsmemberen wäerten dës Detailer den zoustännege Chamberkommissiounen um Donneschtegmëtte presentéieren. Vun dësem Abattement kann all Persoun profitéieren, déi d’Recht huet an d’Pensioun ze goen, awer déi nach keng 65 Joer huet.

Leit fräiwëlleg méi no un de legale Pensiounsalter eruféieren

D’Zil dovun ass et, d’Leit fräiwëlleg méi no un de legale Pensiounsalter erunzeféieren, heescht et an enger Presentatioun zu de Pläng fir den Abattement "maintien dans la vie professionelle". Doduerch solle méi Recetten an de Pensiounssystem kommen.

Leit mat engem niddregen Akommes sollen duerch den neien Abattement proportionell am meeschte gewannen.