Et hätt een zënter der éischter Ronn vill Fortschrëtter gemaach an et en Accord wier ofzegesinn, wann net haut, dann eventuell an enger nächster Ronn, esou den LCGB Präsident Patrick Dury virun de Gespréicher. Et géif awer an allen dräi Beräicher Sonndesaarbecht, Aarbechtszäiten a Pensiounsreform nach eng Rei Froen ze kläre ginn, sou d’OGBL Präsidentin Nora Back. Si erwaart sech och, datt um Enn ee schrëftlechen Accord ausgeschafft gëtt.
“Och dat muss haut diskutéiert ginn. Mee natierlech sëtze mir net hei 30, 40 Stonne fir herno um Enn vum Dag erauszekommen an Iech ze soen: Mir sinn eis eens ginn, mir wëssen awer net genee op wat. Jo, mir brauchen e Pabeier zum Schluss vum Dag.”
Méi skeptesch weisen sech d‘Patronatsvertrieder, den UEL-Präsident Michel Reckinger sot, hie kéint net vill kommentéieren, well hien nach näischt Konkretes gesinn hätt.
“Also am Moment läit net vill um Dësch, well ganz vill baussent vum groussen Dësch diskutéiert ginn ass. Dofir musse mir elo mol kucke wat iwwerhaapt um Dësch läit. Ech mengen dat ass ee Punkt, deen de Saache geleakt ginn. Ech hu gesot, wat mir gesot hunn, mee um Dësch läit am Fong net vill. An dofir hätte mer elo gär mol gesinn, wat um Dësch läit.”
De Premier Luc Frieden war um Mëttwochmoien optimistesch an huet vun enger gudder Atmosphär geschwat. Hien huet awer och betount, datt et sech hei net ëm eng Tripartite géif handelen, bei där um Enn een eenzegt Schrëftdokument géif eraus kommen.
“Mir sinn net am Kader vun enger Tripartite. Mir sinn am Kader vun enger Reunioun mat de Sozialpartner. An duerfir wäert et net zu engem Accord écrit kommen. Et si jo och ganz ënnerschiddlech Sujeten. Ech weisen drop hin, datt zum Beispill d'Staatsbeamtegewerkschaft mat zwee vun deenen dräi Sujeten, nämlech d'Ëffnungszäite vun de Geschäfter an d'Aarbechtszäiten am Commerce vu sonndes guer net direkt zoustänneg ass. An duerfir ginn et zu deenen dräi Texter, zu deenen dräi Projete wäerten et separat Conclusioune ginn. A wéi enger Form, dat musse mir nach kucken.”
Seng Ausso vu leschter Woch, datt een haut scho sollt en Ofschloss fannen, huet de Premier relativéiert. D’Gespréicher sollte kuerzfristeg ofgeschloss ginn, am beschten am Laf vun dësem Mount , sou de Premier.