Den Olaf Scholz huet dem Friedrich Merz virgehäit duerch eng gemeinsam Ofstëmmung mat der AfD een Tabu gebrach ze hunn, wouropshin dee betount huet, et géif keng Zesummenaarbecht mat der AfD ginn.
A Punkto Migratiounspolitik huet de Friedrich Merz sengem Konkurrent virgehäit, net genuch Mesuren opzestellen, dem Olaf Scholz no hätt et nach ni méi streng Gesetzer ginn, wéi ënner senger Regierung.
Ee klore Gewënner gouf et iwwerdeems net. Enger Ëmfro vum Insitut Forschungsgruppe Walen no louch fir 37 Prozent vum befrote Public den Olaf Scholz vir, a fir 34 Prozent war de Friedrich Merz de Favoritt.
A knapps zwou Wochen, den 23. Februar sinn dann d'Bundestagswalen.
Grouss Demonstratioune géint Rietsruck
Op en Neits koum et dann de Sonndeg uechter ganz Däitschland zu gréissere Protester géint e Rietsruck. D'Police schwätzt zu Berlin vu ronn 1.600 Demonstranten, zu Marburg ronn 14.000 an zu Bremerhaven ronn 4.500.
E Samschdeg waren zu München der Police no ronn 250.000 Demonstranten op der Strooss.