Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
search

/ Sydney: 6 Doudeger no Messerugrëff an engem Akafszenter

Täter gouf erschoss

Sydney: 6 Doudeger no Messerugrëff an engem Akafszenter

Zu Sydney an Australie gouf et de Moien eng Messerattack an engem Akafszenter. 6 Leit sinn dobäi ëm d‘Liewe komm. Ënnert hinnen e Puppelche vun 9 Méint. Op d'mannst 8 weider Leit goufe blesséiert, mellen d‘Autoritéiten. Den Täter gouf erschoss.

auto_stories

1 min

Den Aggresseur, e 40 Joer ale Mann, hätt d‘psychesch Probleemer gehat hunn d‘Autoritéite matgedeelt. Hien hätt eleng agéiert. D‘Aktioun hätt keen terroristeschen Hannergrond. De Mann gouf vun der Police erschoss. Wéi et heescht war den Täter der Police och bekannt.

Op X gi Videoen a Fotoe vum Incident viral.