Radioen

On air

Notturno  |  Maz Univerze - Eyeliner

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sue fir Ungarn: D'Europaparlament mécht eng Plainte géint d‘EU-Kommissioun 

Europa

Sue fir Ungarn: D'Europaparlament mécht eng Plainte géint d‘EU-Kommissioun 

D‘Europaparlament mécht eng Plainte géint d‘EU-Kommissioun wéinst dem ëmstriddenen Deblocage vu Subventioune fir Ungarn. Dat gouf déi däitsch Presseagence aus enger Sitzung vun der Parlamentspresidentin Roberta Metsola mat de Fraktiounscheffen zu Stroossbuerg gewuer.

auto_stories

1 min

D‘Europaparlament mécht eng Plainte géint d‘EU-Kommissioun wéinst dem ëmstriddenen Deblocage vu Subventioune fir Ungarn. (Foto: European Union)

E Méindeg Owend schonn hätt d‘Justizkommissioun am Parlament mat grousser Majoritéit gréng Luucht gi fir dëse Schrëtt. D‘Deputéiert wéilten deemno kläre loossen, ob d‘Decisioun vun der Kommissioun rechtméisseg war, fir, trotz all Kritik u Verstéiss géint rechtsstaatlech Prinzippien an Ungarn, agefrueren EU-Gelder an Héicht vu ronn 10 Milliarden Euro fir d‘Land fräizeginn.

Bréissel hat argumentéiert, datt den ungaresche Regierungschef Orbán déi néideg Conditiounen dofir erfëllt hätt.