search

/ Stuerm Leonardo: Dausende Leit a Spuenien evakuéiert, een Doudesaffer a Portugal

Portugal a Spuenien

|
headphones

1 min

Stuerm Leonardo: Dausende Leit a Spuenien evakuéiert, een Doudesaffer a Portugal

A Portugal an a Spuenie bleift d‘Situatioun wéinst dem Stuerm Leonardo weider ganz ugespaant. Wéinst dem staarke Reen sinn Dausende Mënschen am Süde vu Spuenien evakuéiert ginn. 

headphones

1 min

© EPA/CARLOS BARROSO
(Foto: EPA/CARLOS BARROSO)

An Andalusien, am Süde vu Spuenien gëtt eng Fra vermësst, nodeems se an d‘Waasser gefall war. A Portugal ass eng Persoun ëm d‘Liewe komm. 

A Portugal ass e Sonndeg den zweeten Tour vun de Presidentschaftswalen. Eng Gemeng am Süde vum Land huet annoncéiert, datt si wéinst den Iwwerschwemmungen, d‘Walen ëm eng Woch verréckelt. De portugiesesche President Marcelo Rebelo de Sousa, deen d‘Katastrophegebidder um Donneschdegmoie besiche war, hat de Gemengeresponsablen déi Méiglechkeet ugebueden.