arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dëse Wanter sinn 135 Mënschen duerch Lawinen an den europäesche Bierger gestuerwen

Europäesch Bierger

|
reading time

1 min

Dëse Wanter sinn 135 Mënschen duerch Lawinen an den europäesche Bierger gestuerwen

D'Wantersaison 2025/2026 war eng vun den déidlechste jeemools, esou de Bilan vum europäesche Lawine-Warn-Service. Et gouf zweemol méi Doudeger duerch Lawine wéi an der Saison virdrun. Just d'Saison 2017/18 war mat 147 Lawinen-Doudeger nach méi déidlech.

reading time

1 min

An der Schwäiz ass een Zuch wéinst enger Lawin entgleist | ©  EPA/JULIEN GRINDAT
An der Schwäiz ass een Zuch wéinst enger Lawin entgleist (Foto: EPA/JULIEN GRINDAT)

Besonnesch haart betraff war dëse Wanter Italien, mat am Ganzen 38 Doudeger duerch Lawinen. Déi meescht dovun a Südtirol.

Experte soen, datt d‘Zuel vu Lawine wéinst dem Klimawandel klëmmt.