arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Firwat koumen esou vill Mënschen d'lescht Saison duerch Lawinen ëm d'Liewen?

Klimawandel

|
reading time

2 min

Firwat koumen esou vill Mënschen d'lescht Saison duerch Lawinen ëm d'Liewen?

An Europa koumen esouvill Mënschen duerch Lawinen ëm d'Liewen, wéi zënter Joren net méi. An den Alpen an an deenen aneren europäesche Bierger sinn zënter Ufank Oktober op d'mannst 135 Mënschen op dës Manéier gestuerwen. Wourun dat läit, hu mir beim Geographie-Professer Werner Bätzing nogefrot.

reading time

2 min

© EPA/FAROOQ KHAN
(Foto: EPA/FAROOQ KHAN)

Als ee vun de Grënn fir déi héich Unzuel un Doudesaffer gëllt de Klimawandel. An de Wantere géif zwar generell manner Schnéi falen, mee wann es fält, da kéint et op verschidde Plazen zu ganz grousse Quantitéite Schnéi kommen, esou de Werner Bätzing. 

"Vor allen Dingen durch hohe Windgeschwindigkeiten sind diese Schneemassen dann an Stellen, wo man sie nicht erwartet, und das ist eine ganz neue Gefahr, die wir in früheren Zeiten so nicht gehabt haben." 

Héich Gefor, wann een Hors-piste ënnerwee ass

En Deel vum Problem ass, datt ëmmer méi Schi- a Snowboardfuerer:innen ausserhalb vun de markéierte Pisten ënnerwee sinn. 

"Viele von diesen Menschen haben das Gefühl, wir haben ja sowieso schneearme Winter, Lawinengefahr ist etwas für schneereiche Winter, insofern muss ich mich da nicht groß vorbereiten, und dann sind sie oftmals zu unbekümmert, das spielt inzwischen eine große Rolle." 

Datt grad an Italien de Bilan vun den Doudesaffer mat 38 esou héich ausgefall ass, wier amfong éischter Zoufall, esou de Werner Bätzing. 

"Gerade diese Niederschläge sind quasi nicht zu prognostizieren, die hängen von sehr vielen lokalen Faktoren ab und Wind ist ein sehr lokaler Faktor. Ob er sehr stark oder nur mäßig stark weht, macht einen grossen Unterschied für die Lawinengefahr, wenn der Schnee dann verblasen wird vom Wind." 

Opklärung noutwenneg fir Doudesaffer ze reduzéieren 

Op d'Aschätzunge vun den Touregänger kéint ee sech awer normalerweis verloossen. Déi hätte jo meeschtens net ee Standardwëssen, mee éischter ee Wëssen, dat op Erfarung baséiert. 

"Sie können die Lage vor Ort konkret einschätzen, aufgrund ihrer zahlreichen Touren. Und dann ist natürlich jede Tour anders, das Wetter ist bei jeder Tour anders. Und das gibt einen Erfahrungshintergrund für Tourengeher, den sie auch heute sinnvoll einsetzen können, aber immer unter der Voraussetzung, dass sie sehr genau drauf achten, wie ist die aktuelle Wetterlage und wie sind die Prognosen für die Wetterlage." 

Fir déi héich Zuel vu Lawinenaffer an de Grëff ze kréien, misst een no Usiicht vum Alpen-Expert Werner Bätzing an éischter Linn nach Efforte bei der Opklärung maachen. Dat Entscheedend wier awer, datt d’Leit sech och hirer Eegeverantwortung bewosst solle sinn.