D'Institut ënnersträicht, datt Hëtzt zu engem wichtege Gesondheetsrisiko ginn ass a plädéiert ënner anerem fir méi Schietplazen, besser Hëtztschutzpläng an eng gezielt Informatioun vun der Bevëlkerung.
Juni 2026 war dee wäermsten, dee jeemools a Westeuropa gemooss gouf
De leschte Mount war a Westeuropa dee wäermste Juni, dee jeemools gemooss gouf. Dat confirméiert den europäesche Klimawandel-Déngscht Copernicus. D'Duerchschnëttstemperatur louch bei 20,74 Grad – also iwwer 3 Grad méi wéi d'Juni-Moyenne an de Joren 1991 bis 2020.
D‘Hëtztwell an der zweeter Hallschent vum leschte Mount, déi nëmmen e puer Wochen no enger éischter Hëtztperiod am Mee koum, huet a ville westeuropäesche Länner Temperaturrekorder gebrach.
Dës extreem Wiederevenementer, déi séier noenee koumen, géifen zukünfteg Erausfuerderungen däitlech maachen, heescht et nach am Rapport vu Copernicus.