Bis 2030 solle 37 Prozent vun der Energieconsommatioun aus erneierbaren Energie bestoen. Sou steet et zumindest am PNEC, also am nationalen Energie- a Klimaplang. Fir deem gerecht ze ginn, haten 2022 dräi Ministèren – Energie, Landwirtschaft an Ëmwelt – fir d’éischte Kéier déi sougenannten Agri-Photovoltaikanlagen ausgeschriwwen, fir op landwirtschaftlech genotzte Flächen erneierbar Energie hierzestellen.
Net déi ganz Wiss gëtt bedeckt
Ee Projet deen den Zouschlag krut, ass zu Kielen. Op der Wiss vun engem Bauer goufe Solarpanel opgeriicht. Dëse Freideg (18.10) soll d’Anlag ageweit ginn, a mir waren eis se schonn am Viraus ukucken an hunn eis op der Plaz mam Bedreiwer vun de PV-Anlage, der Firma GPSS – getraff.
Op enger Fläch – méi grouss wéi 6 Fussballfelder – sti Solarpanel niewenteneen a laange Reie vun iwwer 80 Meter. Se bedecken awer net déi ganz Wiss, erkläert de Patrick Witte vun de Bedreiwer vun der éischter Agri-Photovoltaik zu Lëtzebuerg.
"Hier haben wir 7 Meter zwischen den Pfosten der Anlage. Das heisst auf sieben Metern kann theoretisch gewirtschaftet werden. Das entspricht dann einer landwirtschaftlichen Bearbeitungsbreite von 6 Metern."
Et gesäit alles nach e bëssen no Chantier aus. Dat weess och de Patrick Witte.
"Alles, was man jetzt noch sieht, wie hier zum Beispiel der Boden, da wurde jetzt Kies gelegt, damit man mit den Fahrzeugen fahren kann. Das kommt alles wieder weg, sobald die Arbeiten abgeschlossen sind."
600 Stéit mat 4 Persounen
D’Aarbechte vum Bauer op sengem Feld sollen nom Opriichte vun de Solarpanel bal ongestéiert kënne weidergoen. Dowéinst sinn d’Panel op enger dréibarer Achs opgeriicht: Moies Richtung Osten, mëttes Richtung Süden, an owes Richtung Westen.
"Normalerweise würde der Bauer natürlich versuchen, sich an der Feldkontur zu orientéieren. Dadurch hat er die einfachsten Fahrwege und auch die Anlage ist so ausgelegt. Deswegen ist sie zum Beispiel nicht optimal von Norden nach Süden ausgerichtet, sondern léecht versetzt. Das bedeutet zwar weniger Ertrag, ist dafür aber besser an das Feld angepasst."
Deemno géif de Bauer ouni Problemer mat senge Méimaschinnen tëscht de Solarpanellen derduerch kommen, a seng Wiss weiderhi kënne méinen an duerno zu Fudder fir d’Béischte veraarbechten, wärend Stroum gemaacht gëtt, mengt de Patrick Witte.
600 Stéit mat 4 Persoune wärend engem ganze Joer: Sou vill Stroum géif déi do Agri-Photovoltaikanlag produzéieren, seet de Patrick Witte. De Stroum gëtt dann an dat nationaalt Stroumnetz agespeist. Änlech wéi bei de Solaranlagen, déi Privatleit doheem op hiren Diecher hunn.
Op d'Flora a Fauna oppassen
Eng grouss Erausfuerderung vun de Photovoltaikanlagen op de Felder sinn déi méi kleng Bewunner. Am Fall vun der Anlag zu Kielen war dat e klenge Vugel.
"Die Feldlerche hat jetzt direkt nebendran ein neues Habitat bekommen, einen sogenannten Blühstreifen, den wir Anfang des Jahres ausgebracht haben. Und jetzt wird sich zeigen, ob die Feldlärche wirklich diese Fläche auf der die Agri PV Anlage steht, verlässt, oder ob sie sich weiterhin hier ansiedelt."
Grad op Wisen, wéi déi hei zu Kielen, wou d'Léierche sech wuel fillt, ass och dacks bei der Zesummesetzung vun der Vegetatioun, also der Vilfalt vu Planzen, nach villes ze maachen, erkläert d’Isis Khalil vun de Bedreiwer vun der PV-Anlag.
"Weil wie man jetzt hier an dem Standort sieht, es handelt sich überwiegend um Futtergras und die Fläche ist halt noch nicht sehr artenreich, sehr divers, was man dann in diesen Bereichen gut implementéieren kann, im Zuge der Anlage."
Beispillsweis wiere ronderëm d’Solarpanel Fläche virgesinn, wou ökologesch Moossname sollen ëmgesat a méi Wëllplanze geséint ginn. Mee och bei der Installatioun vun de Solarpanellen gëtt op d’Nohaltegkeet opgepasst.
"Also man sieht hier, die Pfosten und die Module sind etwa zwéi Meter hoch über dem Boden montiert, und diese Pfosten sind einfach nur in den Boden reingerammt. Das heisst, wenn die Anlage iergendwann mal ihr Lebensende erreicht hat, dann können diese Pfosten einfach aus dem Boden gezogen werden."
D’Opriichte vun der Anlag dauert ongeféier 6 Méint, erkläert de Patrick Witte. D’Liewensdauer vun de PV-Anlagen géif iwwerdeems op 25 bis 30 Joer geschat ginn, sou nach d’Bedreiwer. A si kënnen net just op landwirtschaftlech genotzte Wisen opgeriicht ginn, mee och op Felder, op deene Kéi oder Schof stinn.
Lauschtert de ganze Reportage
Skepsis bei der Bauerenzentral
D'Bauerenzentral ass nach e bësse skeptesch wat d'Produktioun vun erneierbarer Energie op Wisen a Felder ugeet. Hire President Christian Wester huet am Hallwer Néng erkläert, firwat.
Fir eng Partie Plaze wier et sécher eng Opportunitéit, sou e Christian Wester. Mee et léichen och nach vill Diecher an eiser Landschaft ronderëm, wou keng Fotovoltaikanlagen drop wier. Dofir géing d'Bauerenzentral als éischt mol op anere Plazen upaken.
"Also prinzipiell si mir awer der Meenung, vue datt d'landwirtschaftlech Notzfläch net onbegrenzt verfügbar ass, fir als éischt déi Flächen, déi scho versigelt sinn, mat Fotovoltaikanlagen auszestatten, ier mir elo an den offene Landschaftsberäich géif Fotovoltaikanlagen installéieren.
AgriPV wier awer sécher nach déi besser Alternativ zu "komplette Fräiflächenanlagen", mengt de President vun der Bauerenzentral. Bei deenen Anlage géing "wierklech hektareweis mat Pannoen zougetässelt ginn."
De Christian Wester huet am 100,7-Interview och verroden, datt schonn zënter längerem iwwert dës Thematik diskutéiert gëtt.
"Mir haten och schonn an der Vergaangenheet Symposiumen mat Ëmweltschützer, mam Naturministère, mam Ëmweltministère, wou dann awer och Diskrepanzen offensichtlech gi sinn tëschent deem, wou déi Baueren, déi aktiv Landwirtschaft bedreiwen, sech Photovoltaikanlage kéinte virstellen, an deenen Terrainen, wou dann den Naturschutz d'Anlage virgesäit."
Hei géingen zwou komplett verschidde Meenungen openeen treffen, mengt de Christian Wester.
D'Bauere géifen éischter déi agronomesch manner ertragräich Fläche virzéien, fir Anlagen opzeriichten. wou dann d'Biodiversitéitssteigerung, "déi vum grénge Bord gewënscht gëtt", awer manner stattfanne géing.
Lauschtert den Hallwer Néng mam Christian Wester