Och wann een dat vläicht net menge géif, mee Hee ass net gläich Hee. Den éischte Schnatt ass méi säfteg a gréng an huet méi Närstoffer wéi deen zweeten. Besonnesch Kaalwer a jonkt Véi friessen dëst gären. Kleng Déiere wéi Kanéngercher hunn zum Beispill gären, wa Kraider wéi Kléi am Hee sinn. Päerd hunn een empfindleche Mo. Hei muss een oppassen, wéi en Hee ee fiddert.
Ouni Pestiziden an Dünger schaffen
Hee.lu soll d'Offer hei am Land op engem Internetsite bündelen a souwuel dem Produzent, wéi och dem Konsument et méi einfach maachen, säin Hee ze verkafen, respektiv dat passend Hee fir säi Betrib oder de private Gebrauch - hei aus dem Land - ze fannen.
Doriwwer eraus geet et dem Naturschutzsyndicat bei Hee.lu dorëms déi extensiv Notzung vun de Wisen hei am Land ze fërderen, erkläert d'Vanessa Duprez aus dem wëssenschaftlechen Departement vum SICONA.
"Extensiv heescht, datt mir ouni Pestizide schaffen, ouni Dünger schaffen, datt mir manner oft Hee um Fong schneide ginn, well wann ech Silo maachen, ginn ech jo méi oft op meng Fläch fir ze schneiden. A wann ech Hee maachen, do hunn ech en éischte Schnatt. Do hunn ech vläicht een zweete Schnatt. Mee voilà, do ginn ech manner oft drop a loossen d'Kraider um Fong och opkommen."
De Jo Leytem a säi Brudder féieren am Weste vum Land e Mëllechbetrib an der 4. Generatioun. 6 Hektar vun hire Gréngfläche bewirtschafte si zesumme mam Naturschutzsyndicat no de Reegele vum Biodiversitéits-Kontrakt. Op d'Fro, wat fir ee Virdeel de Bauer heivunner hätt, seet de Jo Leytem:
"D'Plus-value fir de Bauer ass éischter Plus-value fir d'Ëmwelt. Datt de Bauer eppes ka maachen, fir méi Aarteräichtum op deene Flächen ze suergen. Et huet een d'Méiglechkeet fir op Flächen, déi souwisou vläicht manner Ertrag bréngen, fir do fir méi Aarteräichtum ze suergen an dann eeben och eppes fir d'Ëmwelt ze maachen."
Mat "méi jonkt Fudder" mengt hie Gras-Silo. Fir Mëllechkéi eng wichteg Energiequell.
Méiglechkeet, sech e weidert Standbeen opzebauen
D’Vanessa Duprez vu SICONA encouragéiert dann och Betriber déi - wéi de Jo Leytem a säi Brudder - net eleng op Hee setzen, an een Deel vun hirer Gréngfläch ënner de Biodiversitéits-Kontrakt ze huelen.
"Datt een déi Flächen eebe kann och esou notzen, datt een nach ee weidert Standbee ka vläicht opbauen an Hee ka verkafen, wat een eeben dann op Hee.lu kann och verkafen."
Fir säin Hee um Site Hee.lu verkafen ze kënnen, muss ee kee Biodiversitéits-Kontrakt hunn. An der Sichfunktiounen um Site kann een d'Gréisst an d'Form vun de Botten auswielen oder och tëschent "Vertragnaturschutz", "pestizidfrei" oder "reduzierte Düngung" wielen.
Manner Dünger géif sech dann och op positiv op d'Qualitéit vum Hee auswierken, esou nach de Bauer Jo Leytem.
"A wat een natierlech manner düngt, wat manner Stéckstoff am Buedem ass, wat d'Grieser manner al ginn a méi jonkt Gras huet ëmmer méi Energie a méi Eewäiss wéi eelert d'Gras. Dowéinst ass d'Fudder vun deene Flächen, wann een zum optimalen Zäitpunkt méie kann, wat natierlech wiederbedéngt ass, ass dat Fudder natierlech ëmmer vun enger gudder Qualitéit."
Wann d'Wieder dann ee Joer net esou matspillt an d'Scheier fréizäiteg eidel ass, ass d'Hee-Bourse sécher och hëllefräich.