Keng Trakter an och keng Maschinnen, mee Schof. Soubal de Wënzer Max Duhr d’Fudder rëselt, kommen déi ronn 40 Schof ugelaf. Zanter 3 Joer sinn si Deel vum Alldag an de Wéngerte vum Domaine Madame Aly Duhr. D'Schof géifen och dohi kommen, wou den Trakter net dru kënnt, erkläert de Max Duhr.
"Herbizid ass fir mech keng Alternativ.”
D’Schof sinn zwar hongereg, mee si interesséieren sech relativ wéineg fir d’Riewe selwer. Se ginn zwar scho gären u gutt Zeideg Drauwen, mee dat ass just kuerz virun der Lies problematesch. Och deene jonke Blieder ënnerem d’Riewe kënnen déi kleng Schof net verzéien. Doru stéiert de Wënzer sech awer net weider.
"Et ass wierklech déi klengste Schofsrasse op der Welt. Doduerch kommen si am Fong net sou héisch. Dofir kënnen si keen sou ee massive Schued maachen. Si kréie just do wou den Trieb aus der Rief eraus schéisst Ënne ginn si 2-3 Blieder wechfriessen, an dat si Blieder déi mir souwisou géife wechmaachen."
D’Schof hunn awer nach weider Virdeeler. Well si sou liicht si kompaktéieren si, anescht wéi den Trakter, de Buedem am Wéngert net, wat de Riewen zu gutt kënnt. Gläichzäiteg trëppelen si en Deel vum Gras platt, wat de Buedem virum ausdréchne schützt.
Déiere bedeite Verantwortung
Dat alles heescht awer net, datt ee mat de Schof Aarbecht spuert. Well d’Schof selwer sinn och Aarbecht. Wuel muss de Max Duhr net méi mat Gëft an Trakter an de Wéngert, trotzdeem ass hien ëmmer do fir no der Schof ze kucken.
"Et ass déi Verantwortung fir d'Déieren, du muss ëmmer do sinn an du gees all Dag kucken.”
D’Schof am Wéngert sinn Deel un engem Fërder-Programm deen den Ëmwelt an Naturschutz-Syndikat SIAS zesumme mat der Regierung ausgeschafft huet. Wënzer, déi Schof an hire Wéngerte grase loossen, kréien engersäits eng Prime fir all Hektar deen si sou bewirtschaften. Gläichzäiteg ënnerstëtzt de SIAS den Echange mat de Ministèrë, well verschidde Gesetzer der Realitéit um Terrain dacks net gerecht ginn. Zum Beispill wann et ëm d’Aart vu Clôture geet, déi een dierf benotzen, erkläert de Max Duhr.
Den SIAS huet sech doropshin dofir agesat, d’Méiglechkeet, d’Clôture un d’Déier mat deem ee schafft unzepassen, mat an hire Fërderprogramm ze integréieren. Fir de Max Duhr handelt et sech bei de Schof fir de Moment nach ëm en Häerzensprojet, un deen ee gleewe muss. Well de Projet nach relativ kleng ass, wieren d’Schof zimmlech käschtenintensiv. Trotzdeem erhofft hien sech, datt an Zukunft ëmmer méi Wënzer op d’Ënnerstëtzung op véier Been zeréck gräifen.