Radioen

On air

Popfilter  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Sträit bei Piratepartei: Sensibilitéit politique kéint opgeléist ginn

Piraten

Sträit bei Piratepartei: Sensibilitéit politique kéint opgeléist ginn

Wéinst dem Sträit bei der Piratepartei wäert d’Sensibilité Politique an der Chamber warscheinlech opgeléist ginn, esou haut am 100,7-Interview de Partei-Coordinateur an Deputéierte Marc Goergen. Hie géif d’Meenung vum Ben Polidori deelen, datt ee mam Sven Clement net an enger Sensibilitéit kéint schaffen.

auto_stories

1 min

Hie géif dës Woch mat der Chamberverwaltung kucken, wéi een dat „propper opdeele kann“.

„Mee wat ech awer esou de Weekend héieren hunn, si ganz vill Leit, déi net méi wëllen, datt de Sven als Pirat an der Chamber géing schwätzen. Wéi dat herno statt fënnt, dat ass eng aner Geschicht. Do muss een elo kucke wéi d’Weeër sinn.“

Onkloer wier, ob herno dräi Onofhängeger, oder zwee Onofhängeger an ee Pirat an der Chamber wäerte sëtzen, esou nach de Marc Goergen.

Op d’Fro, ob den Deputéierte Marc Goergen an Zukunft, grad wéi de Ben Polidori, als Onofhängegen an der Chamber kéint sëtzen, seet de Sven Clement, datt een den Ament näischt confirméieren oder ausschléisse kéint. E géifen eng ganz "Rëtsch Zenarien um Dësch leien."