Radioen

On air

Trendscheif  |  Trendscheif um Eurosonic 2025

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stater gréng: Schäfferot geet de Logementsproblem net un a sicht Excusen

Logement an der Stad

Stater gréng: Schäfferot geet de Logementsproblem net un a sicht Excusen

Déi stater gréng fuerderen de Stater Schäfferot op, onbebaute Privatterrain an private Wunnraum deen eidel steet, méi héich ze besteieren. Virun der Press bedauert de François Benoy, datt et bei de Logementsprojete vun der Stad net virugeet.

auto_stories

2 min

Stater déi gréng | © Pebia Urban
Foto: Pebia Urban

Als Beispill nennt de François Benoy de Projet vum Quartier Stade op der Areler Strooss. Do wier, zanter datt et gestëmmt gouf, just en Architekteconcours ausgeschriwwe ginn. Dëse Wunnquartier wier nëmmen ee vun de Bauprojete bei deenen et an der Stad kaum bis guer net géif viru goen. Dobäi géif et der Stad Lëtzebuerg net u Moyene feelen, mee u politeschem Wëllen. Och de Fabricio Costa bedauert déi aktuell Logementssituatioun.

"An enger Situatioun, wou Mënsche bis an d'Mëttelschicht sech näischt méi leeschte kënnen, ass et an eisen Aen einfach inakzeptabel, datt mer ausgewisent Bauland hu bannent der Stater Gemeng, also am urbane Raum, dat onbebaut bleift."

Ausso lauschterenplay_arrow

Déi politesch Responsabel wéilten dee Problem net wierklech ugoen, seet de Fabricio Costa. Si géifen nokucken an Ausriede sichen. De Schäfferot sollt elo "endlech Neel mat Käpp" maachen, betount hien. Dee selwechten Appell ass et och un d‘Regierung, fir un den nationale Projete weiderzeschaffen a sou séier wéi méiglech Amendementer virzeleeën

Weider wieren Initiative wéi d’Gestion locative sociale interessant Méiglechkeete fir Wunnraum ze schafen