arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Logement: gréisste Suerg fir Lëtzebuerger an auslännesch Residenten

Polindex-Etude

|
headphones

1 min

Logement: gréisste Suerg fir Lëtzebuerger an auslännesch Residenten

D’Positiounen iwwert déi sozio-ekonomesch Situatioun zu Lëtzebuerg si mat e puer Ausnamen esouwuel fir lëtzebuergesch wéi och fir auslännesch Residente bal déi selwecht. Dat ergeet aus der Polindex-Etude ervir, déi d’Uni Lëtzebuerg zesumme mat der Ilres realiséiert huet.

headphones

1 min

Chamber | © Chambre des Députés / flickr
Chamber (Foto: Chambre des Députés / flickr)

Markant ass, datt eng grouss Majoritéit vun de Residenten der Meenung sinn, datt hir Kanner an Zukunft méi Schwieregkeete wäerten hu fir dee selwechte Liewensstandard ze behalen ewéi hir Elteren.

Op der Lëscht vun den urgenten Defien, déi misste geléist ginn, hu 70 Prozent vun de Befroten de Logement genannt. Besonnesch déi Jonk maachen sech doriwwer Suergen. Duerno kommen d’Gesondheet an d’Altersfleeg, d’Inflatioun an d’Kafkraaft an op véierter Plaz sinn et d’Pensiounen.

Markant an der Etude ass och. datt d’Leit der Meenung sinn, datt et ëmmer méi eng grouss Distanz gëtt tëschent de Bierger:innen an de Politiker:innen.