arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wunnengskris: Projet WeConnect hëlleft Studenten

Logement

|
headphones

2 min

headphones

7 min

play_arrow

Wunnengskris: Projet WeConnect hëlleft Studenten

Zu Lëtzebuerg ass et schwéier, eng Wunneng ze fannen, virun allem fir Studenten. Zënter 2023 bitt WeConnect eng Léisung: Studente kënnen iwwer d’Initiativ bei Privatleit wunnen, déi eng eidel Kummer zur Verfügung stellen.

headphones

2 min

headphones

7 min

play_arrow

Rezent huet WeConnect säin 100. Kontrakt ënnerschriwwen. Am Moment stinn ëm déi 40 Zëmmeren zur Verfügung. Eng Zuel, déi awer net duergeet, wann een déi méi wéi 2.000 Demandë vun dësem Joer gesäit. Aktuell ginn tëschent fënnef an zéng nei Ufroe pro Dag registréiert, seet d'Clementine Offner vum Projet WeConnect.

Virdeeler fir Proprietären

WeConnect selectionéiert d’Profiller vun de Studenten a këmmert sech ëm all administrativ Schrëtt: Vu Kontrakter a Versécherungen iwwer d’Paie bis hin zum Suivi während der Co-habitatioun. Proprietären hunn domat d’Sécherheet, datt de Loyer rechtzäiteg bezuelt gëtt an datt si bei Problemer een Uspriechpartner hunn.

Präisser fir Studenten

D’Loyere leien tëschent 610 Euro fir eng Kummer mat gedeelten Infrastrukturen a bis zu 750 Euro fir e Studio. Proprietäre kréien dobäi e reduzéierte Montant ausbezuelt (zum Beisill 520 Euro amplaz 610), well WeConnect d’Assurancen an d’Transaktiounskäschten iwwerhëlt. Trotz Immobiliepräisser déi klammen, probéiert de Projet, d’Käschten ëm ronn 30 Prozent ënnert de Marchépräisser ze halen.

Weider Opruff

Fir d’Demande kënnen ze decken, rifft WeConnect weider Proprietären dozou op, eidel Zëmmeren oder Studioe fir Studenten ze vermëttelen. Interesséierter kënne sech iwwert e Formulaire um Site weconnect.lu aschreiwen.

play_arrow Lauschteren