arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 120 Wunnenge vum Fonds de Logement stinn zënter iwwer 2 Méint eidel

Logementsminister

|
headphones

1 min

120 Wunnenge vum Fonds de Logement stinn zënter iwwer 2 Méint eidel

Déi meescht vun dëse Wunnenge misste renovéiert ginn, anerer wieren an der Prozedur fir verdeelt ze ginn, schreift de Logementsminister a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP.

headphones

1 min

Pressekonferenz vum 4. Juli zu de Modifikatiounen um Logementpakt 2.0. - Claude Meisch | © MLOGAT / olivier pirrotte photography
Pressekonferenz vum 4. Juli zu de Modifikatiounen um Logementpakt 2.0. - Claude Meisch (Foto: MLOGAT / olivier pirrotte photography)

Grënn wiere virun allem, datt d'Wunnengen erëm conforme mat den Hygiènes- a Sécherheets-Krittäre misste gesat ginn. Mee och d'energetesch Renovatioun wier een Aspekt, heescht et an der Äntwert.

Am Duerchschnëtt géife Wunnenge wéinst Renovatioune 6 Méint laang eidel stoen, esou nach de Minister. Beim Relogement wieren et 3 Méint. De Fonds de Logement ass de gréisste staatleche Promoteur. E geréiert eng 2.260 Locatiounswunnengen.