Radioen

On air

Notturno  |  Sven Sauber - Fading Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Pensiounsreform soll an enger "Konklav" ausgeschafft ginn

Frankräich

D'Pensiounsreform soll an enger "Konklav" ausgeschafft ginn

Leschten Dënschdeg hat de franséische Premier François Bayrou ugekënnegt, datt d’Sozialpartner ongeféier dräi Méint laang géinge beroden, fir een Accord bei der ëmstriddener Pensiounsreform ze fannen. Haut um Freideg koume si eng éischte Kéier zesummen. De Bilan ass duerchwuess ausgefall. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Bigstock play_arrow
Foto: Bigstock

De François Bayrou huet sech um Freidegmoien zefridde gewisen: Et wier eng interessant Reunioun gewiescht an och encouragéirend.

Bis Enn Mee soll een Accord fonnt gi sinn

D’Pensiounsreform, sou de Premier, wier esou ee wichtege Sujet, deen net mat Force kéint geléist ginn. Dofir sollen d’Sozialpartner elo an enger Zort Konklav zesummeschaffen, fir een Accord ze fannen, deen dann déi aktuell Reform ersetze kéint.

Dem Bayrou no soll dësen Accord bis Enn Mee stoen. Fir Verhandlungen op der beschter Grondlag ze féieren, huet de Bayrou och d’Cour des comptes beoptraagt, ee Rapport iwwer de genee Finanzement vum Pensiounssystem ze produzéieren. Dëse soll den 19. Februar presentéiert ginn.

Méi Desaccorde wéi geduecht?

No der Reunioun um Freideg ass de Fazit bei de Gewerkschaften zimmlech ënnerschiddlech ausgefall. Déi gréisst Gewerkschaft, d’CFDT, sot, de Pensiounsalter vun aktuell 64 Joer misst nees erofgesat ginn. Et wier een awer optimistesch, een Accord ze fannen.

D’Sophie Binet, Cheffin vun der zweetgréisster Gewerkschaft CGT, wëll och, datt de Pensiounsalter nees erofgesat gëtt, mee hier Fuerderunge ginn nach méi wäit: D’Reform soll komplett annuléiert ginn. D’Sophie Binet sot, d’Reunioun hätt vill Desaccorden ervirgehuewen, notamment mam Patronat. Och wéilt si u kénger Konklav deelhuele, mee alles ganz transparent halen an no bausse kommunizéieren.

Lauschterenplay_arrow