Dat besonnesch erfollegräicht Joer 2023 wier grad dem Personal ze verdanken, esou d’Gewerkschaften. Et wier elo un der Zäit, an d’Personal ze investéieren, esou de Paul De Araujo. Aktuell géing Luxair vill an d'Erneierung vun der Flott investéieren. Et misst een awer oppassen, datt een herno net nei Fligeren do stoen hätt, awer kee Personal, wat an de Fligere schafft.
"Well mir net entweeder déi néideg Leit hunn, fir se opzefëllen, fir se ze ënnerhalen oder fir se ze fléien.”
Elo hofft de Paul De Araujo, datt an den nächsten Deeg en Datum fixéiert gëtt fir eng Entrevue mat der Conciliatioun.
D'Gewerkschafte bekloen, datt trotz enger ganz zolitter Reprise d‘lescht Joer mat iwwer 2,5 Millioune Passagéier d'Direktioun net bereet ass dem Personal entgéint ze kommen. Dat hätt awer schonn an der Covidkris ob all Revendicatioun verzicht an elo wier et Zäit fir an d‘Personal ze investéieren.